Direkt op den Haaptinhalt

15.04.2026

Joyeuses Entrées | Programm zu Esch-Uelzecht

Joyeuses Entrées | Programm zu Esch-Uelzecht - Am Minett

De 24. Abrëll ass zu Esch-Uelzecht déi éischt Joyeuse Entrée vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse. Dat ass den Ufank vun der groussherzoglecher Koppel hirem Tour duerch d’Land nom Trounwiessel. Dës éischt Etapp valoriséiert de ganze Minett a regroupéiert 11 Gemengen aus dem Süden:

  • Beetebuerg
  • Déifferdeng
  • Diddeleng
  • Esch-Uelzecht
  • Käerjeng
  • Keel
  • Monnerech
  • Péiteng
  • Rëmeleng
  • Suessem
  • Schëffleng.

Ënnert den Theme Multikulturalismus, Zesummeliewen, Fuerschung an Innovatioun gëtt op dësem Dag e festleche Parcours tëscht dem Belval an dem Stadzentrum ugebueden, mat Animatiounen, artistesche Performancen a markante Momenter déi sech un der Geschicht an der Identitéit vun der Regioun inspiréieren.

E grousst Volleksfest op der Brillplaz clôturéiert dës éischt Joyeuse Entrée.