Direkt op den Haaptinhalt

04.03.2026

„Pluri.elles“: Ablécker an den Alldag vu Fraen di bei POST Luxembourg schaffen

Am Virfeld vum internationalen Dag vun de Fraerechter, deen den 8. Mäerz ass, organiséiert POST Luxembourg an hirem Siège Helix eng Fotoausstellung „Pluri.elles“, mat Fotoe vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin Anouk Flesch.

© POST / Sophie Margue

Dëse Mëttwoch huet d’Grande-Duchesse um Vernissage vun der Ausstellung deelgeholl, a Presenz vun de Ministere Yuriko Backes a Marc Spautz. Duerch de Bléck vun der Kënschtlerin invitéiert „Pluri.elles“ de Public, fir den Alldag vu Mataarbechterinne vu POST Luxembourg kennenzeléieren.

D’Ausstellung stellt de Fraen hir ënnerschiddlech Parcoursen, hiren Engagement an hir Kompetenzen an de Mëttelpunkt, a weist domadder déi wichteg Roll, déi d’Fraen an der Entreprise an an der Gesellschaft spillen.

© POST / Sophie Margue

© POST / Sophie Margue

© POST / Sophie Margue

© POST / Sophie Margue