Direkt op den Haaptinhalt

06.03.2026

Visitt vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse zu Madrid | Zweeten a leschten Dag

Um leschten Dag vun der Visitt zu Madrid hunn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse dëse Freideg de Campus vun der „IE University“ besicht, a Begleedung vun de Ministere Lex Delles a Gilles Roth. Wärend der Visitt huet déi groussherzoglech Koppel e Lëtzebuerger Professer begéint deen do enseignéiert, an och mat Lëtzebuerger Studente geschwat déi do hir Studie maachen. 

Viru Studenten a Vertrieder vum akademesche Corps huet de Staatschef eng Ried gehalen ënnert dem Titel „Europe at a Crossroads: Navigating a Time of Profound Change“. Hien huet dobäi ënnerstrach, datt „d’Europäesch Unioun an hir Institutiounen e bemierkenswäerte Beweis dofir si wat méiglech ass, wann Natiounen sech an hir Stäerkten zesummendoen an an eng gemeinsam Zukunft investéieren.“

De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse, zesumme mat de Ministeren, hunn sech och mat der Direktioun vun der Universitéit ausgetosch wou dausende Jonker aus aller Welt studéieren. D‘Universitéit zeechent sech duerch hir international Ausriichtung aus an ass bekannt fir hir Formatioune mat Schwéierpunkt op Innovatioun an Entreprenariat.

© SIP / Julien Warnand / Emmanuel Claude