10.03.2026
Visitt vun der Fréijoersausstellung vum CAL 2026 « The Window »
Dësen Dënschdeg huet d'Grande-Duchesse d'Fréijoersausstellung 2026 vum Cercle Artistique Luxembourg (CAL) am Tramsschapp besicht, déi dëst Joer ënnert dem Motto « The Window » steet.
© Maison du Grand-Duc
Fir dësen aktuelle Panorama vun der zäitgenëssescher Konscht zu Lëtzebuerg zesummenzestellen, huet d'Curatrice Nathalie Lesure Wierker vu bal 40 Kënschtler - dorënner och Artiste mat besonnesche Besoine - ronderëm en Thema erausgewielt, dat virwëtzeg mécht.
