24.03.2026
Visitt vum Grand-Duc bei den Europäeschen Institutiounen zu Bréissel
Am Kader vu sengen Auslandsreesen huet de Grand-Duc, begleet vum Minister Xavier Bettel, en Dënschdeg déi Europäesch Institutiounen zu Bréissel besicht.
© MAE
© MAE
De Staatschef an de Minister sinn noenee vun der Presidentin vum Europäesche Parlament, Roberta Metsola, sou wéi vum President vum Europarot, António Costa, empfaange ginn. Am Mëttelpunkt vun de Gespréicher stoungen d‘Erausfuerderunge ronderëm déi europäesch an international Aktualitéit.
Am Laf vum Dag huet de Grand-Duc och déi Lëtzebuerger kennegeléiert, déi bei der Lëtzebuerger EU-Representatioun a bei den Europäeschen Institutioune schaffen. Hien huet a senger Ried hiren Engagement fir den europäesche Projet an am Déngscht vum Land ervirgehuewen.
E Mëttwoch ginn de Grand-Duc an de Minister am Siège vun der NATO empfaangen. Mam NATO-Generalsekretär, Mark Rutte, ënnerhalen si sech iwwer d'Themen zu der internationaler Sécherheet.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
Sichen












