Direkt op den Haaptinhalt

21.03.2026

Relais pour la Vie 2026

Dëse Weekend komme 502 Equippen a 15.000 Participante fir den 21. Relais pour la Vie zesummen a weisen esou hir Solidaritéit mat deene Mënschen, déi u Kriibs erkrankt sinn. De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, begleet vum Chamberpresident Claude Wiseler an der Ministesch Deprez. waren um Samschde bei der Ouvertureszeremonie dobäi.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Et ass dëst Joer dann och fir déi éischt Kéier, datt d'Grande-Duchesse Stéphanie an hirer Funktioun als Éierepresidentin vun der Fondation Cancer, present ass - si ass d'Nofollgerin vun der Grande-Duchesse Maria Teresa.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Den Evenement würdegt d'Solidaritéit an de gemeinschaftlechen Engagement duerch beréierend Momenter wéi den Hommage un d'« Survivors » an den traditionelle « Caregiver tour », bei deem ganz besonnesch deene Leit geduecht gëtt, déi e Familljemember oder e Frënd am deegleche Kampf géint dës Krankheet begleeden.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Als Éierepresidentin huet d'Grande-Duchesse och den Engagement vun all den Equippen, Fräiwëllegen a Participante gelueft, déi dem "Relais pour la Vie" all Joer eng Dimensioun voller Mënschlechkeet an Hoffnung ginn.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey