03.04.2026
Éimaischen | Presentatioun vun de Péckvillercher vun der Editioun 2026
Op Ouschterméindeg gëtt um Fëschmaart, am Häerz vun der Alstad, an zu Nouspelt den Aulebäckermaart ofgehalen deen am Zeeche vun der Poterie a vun der Keramik steet. D’Visiteure fannen do di bekannte Péckvillercher aus Leem, déi et nëmmen do ze kafe gëtt a vu Sammler gesicht ginn.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
Virun dësem traditionelle Rendez-Vous hunn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse Vertrieder vun den Organisateuren, dem Comité Alstad an der Nouspelter Emaischen, empfaangen. Si ware komm fir d‘Péckvillercher vun der Editioun 2026 ze presentéieren.
Di groussherzoglech Koppel konnt sech dobäi vum Savoir-faire vun den Aulebäcker iwwerzeegen déi dëse kulturelle Patrimoine Joer fir Joer hei zu Lëtzebuerg erhalen.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse wënsche jiddwerengem schéin Ouschteren.
