05.03.2026
Visitt vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse zu Madrid | Éischten Dag
Dësen Donneschdeg goufen de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse zu Madrid vum Kinnek Felipe VI an der Kinnigin Letizia empfaangen. D’Visitt dauert zwee Deeg a steet am Zeeche vum Ausbau vun de Relatiounen, a besonnesch vun der politescher an ekonomescher Zesummenaarbecht, tëschent béide Länner.
Déi groussherzoglech Koppel gëtt vun de Ministere Xavier Bettel, Lex Delles a Gilles Roth begleet.
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
© SIP
Am Nomëtteg gouf de Grand-Duc, zesumme mat de Ministeren, am Palais Moncloa vum spuenesche Regierungschef Pedro Sánchez empfaangen. D‘Visitt ass duerno am Palais des Cortès weidergaangen, wou de Staatschef d’Chamberpresidentin, Francina Armengol, souwéi de President vum Senat, Pedro Rollán, begéint huet.
Op dësem éischten Dag vun der Visitt goufen dräi Accorden (MoU) ënnerschriwwen, iwwer géigesäiteg politesch Consultatiounen, souwéi iwwer Zesummenaarbecht an de Beräicher Energie an Weltraum tëschent Lëtzebuerg a Spuenien.
© SIP / Julien Warnand, Emmanuel Claude
© SIP / Julien Warnand, Emmanuel Claude
© SIP / Julien Warnand, Emmanuel Claude
© SIP / Julien Warnand, Emmanuel Claude
© SIP / Julien Warnand, Emmanuel Claude
© SIP / Julien Warnand, Emmanuel Claude
© SIP / Julien Warnand, Emmanuel Claude
Den Dag goung mat enger Receptioun op en Enn, déi vun der Lëtzebuerger Ambassade zu Madrid organiséiert gouf, a Presenz vun Invitéen aus de Beräicher Wirtschaft a Finanzen.
© SIP / Julien Warnand, Emmanuel Claude
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Aktivitéiten | D’Grande-Duchesse
Zougangsastellungen
Sichen






















