23.03.2026
Visitt vun der Buchbënnerei vum Danielle Köller-Willems
Den Atelier vum Danielle Köller-Willems zu Gaasperech ass zënter 2022 "Fournisseur de la Cour" an dréit zum Erhale vum seelenen Handwierk vum Buchbënner bäi. D'Grande-Duchesse huet dës beandrockend Plaz besicht an dobäi e Savoir-Faire kennegeléiert, bei deem all Gest Gedold a Präzisioun verbënnt.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
Zënter 30 Joer féiert d'Danielle Köller-Willems dat Familljenierwe weider dat si selwer vun hirem Papp iwwerdroe krut. Si restauréiert al Bicher a Pabeier a mécht aus hinnen eenzegaarteg Wierker.
Haut nach ass d'Weidergi vu Wëssen e wesentlechen Deel vun hirer Aarbecht. D'Danielle Köller-Willems bleift der Traditioun trei, andeems si hir Erfarung mat enger neier, passionéierter Generatioun deelt an esou de räichen nationale Patrimoine erhält.
