17.03.2026
Visitt vun der Prinzessin Akiko de Mikasa zu Lëtzebuerg
Um Dënschdeg huet de Grand-Duc d'Prinzessin Akiko de Mikasa an Audienz am Palais empfaangen. D'Prinzessin ass op Besuch zu Lëtzebuerg, dat am Kader vun der Konferenz iwwer japanesch Konscht « The Art of Copying – Creating Reproductions for the West », déi am Musée Dräi Eechelen (M3E) organiséiert gouf.
(c) Maison du Grand-Duc
(c) Maison du Grand-Duc
Am M3E huet de Grand-Duc Henri sech mat der Prinzessin Akiko de Mikasa ënnerhalen. Bei dëser Geleeënheet, kruten si e « Senninbari » presentéiert. Dëst ass e Band aus japaneschem Stoff, deen traditionell als Glécksbrénger vun den Zaldoten ugesi gëtt.
Dës Renconteren ënnersträichen déi historesch Lienen an d'Frëndschaft, déi déi groussherzoglech Famill mat der japanescher Keeserfamill verbënnt.
Dono huet de Grand-Duc Henri nach d'Ausstellung « Luxemburger Bundeskontingent » besicht, déi ënner sengem Haut Patronage steet. Duerch eng räich Sammlung u Géigestänn an Archivmaterial, versetzt dës Ausstellung seng Visiteuren an d’Häerz vum 19. Joerhonnert. Si weist de Parcours vun de 1.600 Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi an engem Europa, dat vu Konflikter gepräägt war.
























