Discours du Trône | 03/10/2025 - Chambre des Députés

Majestés,
Altesses Royales,
Här Chamberpresident,
Madame la Présidente du Parlement européen,
Här Premierminister,
Monsieur le Président du Conseil européen,
Dir Dammen an Hären Deputéiert a Regierungsmemberen,
Léif Matbierger,
"Ech wäert d'Liewe vu mengem Vollek liewen, vun deem ech duerch keng Barrière wëll getrennt sinn. Ech wäert seng Freed a säi Leed deelen".
Mat deene Wierder huet d'Grande-Duchesse Charlotte sech den 18. Januar 1919 an hirer éischter Ried un d'Natioun adresséiert. Iwwer den Eed eraus, deen si e puer Deeg virdrun als nei Staatscheffin geleescht hat, waren dës Wierder och e Verspriechen un hiert Land an u seng Bierger.
Et ware Wierder, déi vun Häerze komm sinn no engem Konflikt deen Europa zerrappt hat. Wierder vun deenen een dunn nach net wosst, wéi wäitreechend se zwee Joerzéngte méi spéit an engem nach méi schlëmme Kataklysmus wieren. Genee 80 Joer sinn et hier, dass d'Grande-Duchesse Charlotte 1945 aus dem Exil zeréckkomm ass.
D'Monarchie war an deene schwéieren Zäiten e Pilier vun der Kontinuitéit vum Lëtzebuerger Staat. Si verkierpert d'Prinzippie vu Fräiheet an Eenheet, Prinzippien déi an eiser Constitutioun verankert sinn an déi eis drun erënneren dass eis Monarchie, gëschter ewéi haut, eng Referenz an e festen Halt a Krisenzäiten ass. Duerfir ass den Eed, deen ech elo grad op d'Verfassung ofgeluecht hunn, e wichtegen institutionellen Ament vun eisem Land.
Ech wäert d'Flichten, déi mat dësem Eed verbonne sinn, an déi d'Verfassung mir operleet, mat Verantwortung, mat Integritéit a mat Engagement erfëllen. Eis Demokratie brauch staark Institutiounen an ech sinn houfreg, mäin Deel dozou bäizedroen.
Duerfir verspriechen ech, politesch ëmmer neutral ze sinn an eis demokratesch Grondprinzippien ze verdeedegen.
Ech verspriechen, am Déngscht vun all de Mënschen hei am Land ze stoen, an ëmmer am Interessi vum Land ze handelen.
Ech wäert ëmmer nolauschteren, an ech engagéiere mech, ze hëllefen, zesumme Léisungen ze fannen.
Ech wäert mat Integritéit handelen, authentesch bleiwen, an eisem Land trei an éierlech déngen.
De Grand-Duc steet fir national Eenheet an Onofhängegkeet. An dëse komplizéierten Zäiten huet d'Monarchie duerfir eng wichteg Roll ze spillen, andeems si nolauschtert, Vertraue bei de Leit schaaft, an déi gesellschaftlech Kohäsioun stäerkt.
***
Här Chamberpresident,
Dir hutt am Juni fir Nationalfeierdag gesot, dass Legitimitéit an Autoritéit hautzedaags net automatesch mat der Funktioun kommen, mee eng Institutioun muss op Akzeptanz stoussen, fir ze daueren. Eng Monarchie ass dacks mat Joerhonnerten alen Traditioune verbonnen, déi e groussen Deel vun eiser Identitéit ausmaachen. An awer muss och si mat hirer Zäit goen, an no vir kucken.
Ech wëll de Grand-Duc sinn dee Brécke schléit, tëschent de Generatiounen, tëschent Traditioun an Innovatioun. Ech wäert hëllefen, Brécken tëschent de Leit ze bauen, an esou zum Zesummenhalt an eiser Gesellschaft bäidroen. Wa mir an d'Zukunft kucken, da sinn et ons gemeinsam Wäerter, eis Kreativitéit an eis Solidaritéit, déi eis zesumme weiderbréngen.
Haut ass d'Welt glécklecherweis eng aner wéi an deenen däischteren Zäite vun eiser Geschicht, wou der Grande-Duchesse Charlotte hir Wierder d'Liicht vun der Hoffnung bei d'Lëtzebuerger gedroen hunn. Mee si ass och eng aner, wéi viru just 25 Joer, wou mäi Papp hei op dëser Plaz säin Eed ofgeluecht huet.
Mir sti viru villen Erausfuerderungen: geopolitesch Spannungen an eng global Wirtschaft déi nees méi onberechenbar ginn ass, d'Spiral vun der Desinformatioun, déi zu enger Menace fir eis Demokratie ginn ass, den Impakt vum Klimawandel, deen ëmmer méi visibel ass, wärend Krich an Aarmut traureg Konstante bleiwen.
Eis Welt entwéckelt sech séier duerch technologesch Fortschrëtter a gesellschaftlech Transformatiounen. Lëtzebuerg huet et ëmmer erëm fäerdeg bruecht, sech un nei international Evolutiounen unzepassen, an dorauser Opportunitéiten ze schafen.
Mir kënnen houfreg sinn op dat wat mir an der Vergaangenheet erreecht hunn, mee et ass weesentlech, datt mir eis net domadder zefridde ginn. Innovativ Investitiounen erméiglechen et Lëtzebuerg haut net nëmmen eng wichteg Finanzplaz ze sinn, mee och en attraktive Standuert fir nei Technologien. Esou gestalte mir eis Zukunft, esou ënnerstëtze mir eng staark an nohalteg Wirtschaft, an erhalen onse soziale Wuelstand.
Mir sinn zu Lëtzebuerg gutt opgestallt fir d'Erausfuerderunge vu muer, an ech wënsche mir, dass mir weider an engem responsabelen a sozialen Ëmfeld kënnen zesummeschaffen. Déi Brécken ze baue gehéiert och zu de Stäerkte vum Grand-Duché, an déi sozial Stabilitéit ass en Atout fir eis Gesellschaft an eis Wirtschaft.
Dat sinn d'Stäerkte vun engem dynameschen, innovativen an attraktive Lëtzebuerg, an et wäert mir och a mengen neie Funktiounen eng grouss Éier sinn, weider am Ausland den Ambassadeur vun dësem Lëtzebuerg ze sinn an domadder d'Regierung ze ënnerstëtzen.
***
De Grand-Duché huet awer nach eng aner Stäerkt déi eenzegaarteg ass: eng multikulturell a multinational Bevëlkerung.
Iwwert Joerzéngte si vill Mënsche bei eis schaffen a liewe komm. Sief et Leit aus Südeuropa oder eisen Nopeschlänner, déi mir scho laang zu eise Matbierger zielen, méi rezent Arrivéeën, déi mat der Mondialisatioun an der Diversifikatioun vun der Lëtzebuerger Wirtschaft komm sinn, oder Leit, déi viru Krich an Aarmut aus hire Länner flüchten. Zesummen ass et bal d'Hallschent vun eiser Bevëlkerung, déi mat de ville Frontalieren aus eisen Nopeschlänner weesentlech zum Wuel vun eisem Land bäidroen.
Domat mengen ech e wirtschaftlechen, mee och e kulturelle Räichtum, deen onst Land an eis Mentalitéit déifgräifend gepräägt huet. Ech sinn houfreg, als neie Grand-Duc och fir si do ze sinn. Ech wëll hinne meng vollst Unerkennung ausdrécke fir hire Beitrag zum Opschwong vu Lëtzebuerg, wéi mir et haut kennen.
Natierlech bréngt dësen aussergewéinleche Kontext och Erausfuerderunge mat sech. Ech wënsche mir, dass mir méi Brécke bauen tëscht Communautéiten, dass mir méi matenee wéi niefteneen an eiser Gesellschaft liewen. Ech gleewen u Wäerter wéi Oppenheet, Diversitéit, Toleranz a Solidaritéit.
Lëtzebuerg bléit op, wa jidderee sech hei am Land doheem fillt.
***
Dir Dammen an dir Hären,
Ech wëll mech haut och ganz besonnesch un eis Jonk riichten.
Ech si Papp vun zwee klenge Kanner an ech maache mir vill Gedanken doriwwer, a wat fir enger Welt si opwuessen. Mir sinn um Ufank vun enger grousser technologescher Revolutioun duerch d'kënschtlech Intelligenz, déi Konsequenzen op eist Liewen, op eis Ëmwelt, jo och op eis demokratesch Institutioune wäert hunn. Esou Changementer kënnen engem d'Gefill ginn, dass mir op wackelege Féiss stinn, fir an d'Zukunft ze kucken. An et sinn déi Jonk, fir déi am meeschten um Spill steet.
An enger ëmmer méi digitaler Welt musse mir nach vill méi Wäert op mënschlech Connexioune leeën. Et ass duerch Dialog an direkte Kontakt wou ee léiert, deen aneren ze verstoen a matzefillen. Jidderee vun eis huet d'Responsabilitéit, Brécken ze bauen zu senge Matbierger. Besonnesch fir eis Jugend ass dat vun entscheedender Bedeitung.
Si gi grouss an enger Welt, wou kënschtlech Intelligenz selbstverständlech ass. Si mussen dofir léieren, mat der Hëllef vun der Famill, vu Frënn, an der Schoul, mee och baussent der Schoul an an de Betriber, fir d'Technologie net nëmmen ze verstoen an ze benotzen, mee se och kritesch ze hannerfroen. Et ass immens wichteg, dass déi vill Avantagen déi d'KI mat sech bréngt, net eiser Kreativitéit an eisem onofhängegen Denke schueden.
Eis Demokratie an eis Gesellschaft brauchen engagéiert, informéiert a kreativ Bierger, déi een deem aneren ënner d'Äerm gräifen!
***
Tëschemënschlech Relatioune sinn och d'Basis fir e staarke Gemeinschaftsgeescht. E Gemeinschaftsgeescht dee mir mussen ënnerhalen, dee mir musse beliewen! Et ginn Tendenzen an eiser Gesellschaft, dass d'Leit ëmmer méi no sech selwer kucken a manner no deenen aneren. Dowéinst, wëll ech Iech opruffen, déi Jonk, mee och déi manner Jonk, fir Äre fräiwëllegen Asaz an den Associatiounen, de Gemengen an an de ville Veräiner weiderzeféieren oder Iech iwwerhaapt als Benevole ze engagéieren.
Dir drot domadder zum sozialen Zesummenhalt bäi, dir verbannt Mënsche mateneen, an dir fërdert d’Solidaritéit; alles Wäerter, déi mir perséinlech ganz wichteg sinn. Et ass nëmmen duerch zesummen Handelen, datt mir zukünfteg Erausfuerderunge meeschteren, an als Gesellschaft méi resilient ginn.
Eis Kraaft läit an der Gemeinschaft an an eise gemeinsame Wäerter!
Ech wëll mech dofir weider staark engagéiere fir déi méi Schwaach an déi Benodeelegt, mee och déi ënnerstëtzen, déi hinnen all Dag um Terrain hëllefen. Eis Gemeinschaft, dat si mir all. Ech wëll virun allem déi net vergiessen, deenen hir Stëmm een net esou gutt héiert, an deenen et dacks net esou gutt geet.
Meng Fra, d'Grande-Duchesse Stéphanie, steet mer dobäi schonn zanter ville Joren zur Säit. Si wäert mech bei ville vu mengen Engagementer ënnerstëtzen, mee och hir eege Prioritéite setzen – d'Wuel vun de Mënsche bleift dobäi ëmmer eist gemeinsaamt Zil. D'Roll vum Conjoint vum Staatschef ass dofir eng wichteg. Si dréit zu der internationaler Visibilitéit vum Land bäi, si ka Wäerter a wichteg sozial oder kulturell Uleies méi Opmierksamkeet ginn, an de Leit, déi fräiwëlleg oder professionell an deene Beräicher schaffen, Unerkennung verschafen. Mir sinn iwwregens frou, haut zwou Kinniginne bei eis ze hunn, déi dës Roll perfekt erfëllen.
Meng Mamm, d'Grande-Duchesse Maria Teresa war ëmmer immens engagéiert fir den Affer vu Gewalt, an deene Schwaachen ze hëllefen. Mäi Papp, de Grand-Duc Henri, huet sech als Staatschef ganz dem Déngscht vum Land verschriwwen. Si hunn déi lescht 25 Joer zu der Prosperitéit vu Lëtzebuerg bäigedroen. Si hu mech all déi Joren, zanter menger Kandheet, mat vill Léift a Versteesdemech op dëse Moment virbereet. Ech wëll hinne vu ganzem Häerze Merci soe fir hiert Vertrauen. Ech wier haut net dee Mënsch deen ech sinn, ouni Är Ënnerstëtzung!
***
Et gëtt nach eng Persoun a menger Famill déi mech, mee ech mengen och vill Leit, déi e kannt hunn, zudéifst gepräägt huet. Eng Persoun déi e grousst Häerz hat, an net gezéckt huet, fir selwer mat an de Krich ze goe fir d'Fräiheet vu Lëtzebuerg. Ech schwätzen natierlech vu mengem Grousspapp, dem Grand-Duc Jean. Ech hu schonn zanter e puer Joer seng Roll als Chefscout iwwerholl déi him immens wichteg wor, an ech sinn houfreg, elo dës nei Aufgab no – och – sengem Virbild unzegoen. Mir hunn hien haut a Gedanke bei eis.
***
Dir Dammen an dir Hären,
Wa mir muer den Owend am Kader vun de Festivitéite vum Trounwiessel iwwert déi bekannte Rout Bréck ginn, déi de Numm vum menger Urgroussmamm dréit,
Wa mir muer den Owend dee Passage tëscht al an nei maachen, tëscht Traditioun a Modernitéit, zesumme mat bal zweedausend Mënschen aus allen Deeler vun eiser Gesellschaft,
Deen Ament, muer den Owend op der Rouder Bréck, wäert ech u mäi Verspriechen un d'Lëtzebuerger an un all eis Matbierger denken, a besonnesch un d'Wierder vun der Grande-Duchesse Charlotte:
"Ech wäert d'Liewe vu mengem Vollek liewen, vun deem ech duerch keng Barrière wëll getrennt sinn. Ech wäert seng Freed a säi Leed deelen".
Dat ass fir mech de Sënn vum Eed, deen ech haut virun Iech geleescht hunn.
Ech soen Iech Merci.
Liest hei weider
Zougangsastellungen
Sichen