Direkt op den Haaptinhalt

D’ konstitutionell Monarchie

An enger ierflecher Monarchie ass de Monarch net eleng: Hien ass Deel vun enger Famill, der sougenannter Dynastie. Dës Famill spillt eng Roll an der Kontinuitéit vun der Monarchie an iwwerhëlt och gewëssen Aufgaben am ëffentlechen Interessi.

(Tous les articles référencés sur cette page renvoient aux articles de la Constitution du Grand-Duché de Luxembourg entrée en vigueur le 01/07/2023.).

© Maison du Grand-Duc / PANCAKE! Photographie

Nieft dem Grand-Duc selwer kënnen och aner Membere vun der Famill sech an den Déngscht vum Staat stellen, och wann hir Roll symbolesch oder nëmme fir eng spezifesch Dauer ass.

D’Verfassung (Art. 54) gesäit eng Dotatioun fir de Grand-Duc vir, souwéi och, wann néideg, fir:

  • de fréiere Staatschef,
  • den Ierfgroussherzog,
  • de Regent an
  • de Lieutenant-Représentant.

D’ Trounfolleg

D’Funktioun vum Staatschef ass verierfbar (Art. 56) ënnert den direkten Nokomme vum éischte Grand-Duc aus der Dynastie Nassau-Weilburg, dem Adolph, an der Reiefolleg vun der Primogenitur (d’éischt gebuerent Kand, egal ob Jong oder Meedchen) a no der Reegel vun der Vertriedung (no der Ierffolleg). Nëmme Kanner, déi an engem Bestietnes gebuer goufen, kënnen d’Nofolleg untrieden.

© Maison du Grand-Duc / Christian Aschman

Aktuell ass d’Nofolleg duerch de Prënz Charles geséchert. Säi Brudder, de Prënz François, steet op der zweeter Plaz. Zu Lëtzebuerg ass et Traditioun, datt de Grand-Duc zu Gonschte vu sengem Nofollger ofdankt.

E Bléck op d’ Geschicht vun der Trounfolleg:

  • Den Nassauer Familljepakt leet d’Nofolleg an der direkter männlecher Linn no der Reiefolleg vum éischtgebuerene Kand fest. Wann et keng männlech Nokomme gëtt, geet d’Kroun un déi eelsten Duechter vun der regéierender Dynastie.

  • Um Wiener Kongress kënnt d’Herzogtum Lëtzebuerg an eng Personalunioun mam neie Kinnekräich vun den Nidderlanden ënner dem Guillaume I., Prënz vun Oranien-Nassau, a gëtt zum Grand-Duché erhuewen.

  • Den Traité vu London bréngt d’preisesch-franséisch Kris ëm Lëtzebuerg op en Enn. De Grand-Duché gëtt fir ëmmer neutral erkläert, an d’Rechter vun de Nokomme vum Haus Nassau ginn unerkannt.

  • De Grand-Duc Guillaume IV. huet sechs Duechteren. Hien erléist en neie Familljestatut, dee sengen Duechteren erlaabt, den Troun ze ierwen, wann et keng männlech Ierwe gëtt. D’Prinzessin Marie-Adélaïde gëtt als Trounfollgerin deklaréiert.

  • De Grand-Duc Henri féiert d’absolut Primogenitur an, fir d’Gläichstellung tëscht Männer a Fraen an der Trounfolleg ze garantéieren.

Den Ierfgroussherzog

Soubal den Ierfprënz den Alter vun 18 Joer erreecht huet, kritt hien oder si den Titel “Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg”. De Begrëff “Ierf” bezeechent eng Qualitéit, déi vun der Gebuert un existéiert an déi wesentlech ass, fir eng Kéier den Troun ze iwwerhuelen. Weder d’Qualitéit nach den Titel maachen déi betraffe Persoun zu engem Organ vum Staat. Hien oder si gëllt als zukünftege Staatschef; datt d’Funktioun iwwerholl gëtt ass warscheinlech, awer net garantéiert.

© Maison du Grand-Duc

Eréischt mat der Ernennung zum Lieutenant-Représentant gëtt den Ierfgroussherzog offiziell mat enger Staatsfunktioun beoptraagt, well hien ab dësem Moment Aufgabe vum Groussherzog iwwerhëlt.

An der Praxis spillt den Ierfgroussherzog awer schonn no Ofschloss vu senge Studien eng aktiv Roll an ënnerstëtz de Grand-Duc bei sengen offiziellen Aufgaben. An de leschte Joerzéngten ass et üblech ginn, datt den Ierfgroussherzog sech z. B. an der wirtschaftlecher Promotioun vu Lëtzebuerg am Ausland an an anere gesellschaftlech relevante Beräicher engagéiert. Soubal hien den Titel vum Ierfgroussherzog kritt huet, kann hie vum Grand-Duc als Member vum Staatsrot ernannt ginn, wat et him erlaabt, seng Kenntnisser vun de gesetzleche Mechanisme vum Staat ze verdéiwen.

D’ Roll vum Conjoint

© Maison du Grand-Duc / Christian Aschman

Onofhängeg vum Geschlecht bleift d’Roll vum Conjoint oder vun der Conjointe vum Grand-Duc déi selwecht: Hien oder si hëlt un der Erzéiung vun de Kanner an un offiziellen a protokollareschen Aufgaben deel. Zousätzlech kann de Conjoint sech och a karitativen, sozialen oder kënschtleresche Projeten engagéieren.

Dës Roll ass dacks diskret, dréit awer wesentlech zur symbolescher an institutioneller Kontinuitéit vun der Monarchie bäi.

De fréiere Staatschef

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

D’Eltere vum regéierende Grand-Duc behalen an der Praxis hir Titelen.

Zum Beispill huet schonn de Grand-Duc Jean säin Titel och no senger Ofdankung behalen. Et handelt sech dobäi ëm eng protokollaresch a symbolesch Praxis ouni institutionell Funktioun.

De fréiere Staatschef ka weiderhin um ëffentleche Liewen deelhuelen a sech a karitativ oder gesellschaftlech Projeten abréngen, a Koordinatioun mam regéierende Grand-Duc.

D’ Representatioun vum Grand-Duc

Et kann zu Situatioune kommen, an deenen de Staatschef sech muss vertriede loossen, aus ganz ënnerschiddleche Grënn. D’Verfassung gesäit zwee verschidde Mechanisme vir, fir d’Kontinuitéit vum Staat och bei enger temporärer oder dauerhafter Verhënnerung vum Staatschef ze garantéieren:

D’ Lieutenance

Well d’Funktioun vum Staatschef am Grand-Duché ierflech ass, kann de Grand-Duc sech vun engem anere volljärege Familljemember vertriede loossen (Art. 58), deen an der Trounfolleg virgesinn ass (Art. 56). Dës Persoun gëtt zum “Lieutenant-Représentant vum Grand-Duc” ernannt an trëtt no der Vereedegung an der Chamber hir Funktioun un.

D’Lieutenance gëllt haut als leschte Schrëtt an der Virbereedung vum Ierfgroussherzog, ier hien d’Roll vum Staatschef iwwerhëlt.

E Bléck op d’Geschicht vun de Lieutenancen:

  • De Prënz Henri vun den Nidderlanden ass de 5. Februar 1850 vu sengem Brudder, dem Kinnek-Groussherzog Guillaume III., zum Lieutenant-Représentant ernannt ginn. Seng Lieutenance huet bis zu sengem Doud am Joer 1879 gedauert.

  • De Prënz Guillaume vun Nassau gëtt vu sengem Papp, dem Grand-Duc Adolph (85 Joer), zum Lieutenant-Représentant ernannt. De Grand-Duc Adolph stierft am November 1905 a säi Jong gëtt Grand-Duc Guillaume IV.

  • De Grand-Duc Guillaume IV, ernennt, aus gesondheetleche Grënn, seng Fra, d’Grande-Duchesse Marie-Anne, am Mäerz 1908 zur Lieutenant-Représentante. Am November gëtt d’Lieutenance duerch eng Regence ersat.

  • D’Grande-Duchesse Charlotte ernennt de Prënz Jean am Abrëll zum Lieutenant-Représentant. Si dankt am November 1964 zu Gonschte vum Grand-Duc Jean of.

  • De Prënz Henri gëtt am Mäerz 1998 vum Grand-Duc Jean zum Lieutenant-Représentant ernannt. De Grand-Duc Jean dankt am Oktober 2000 of, an den Henri gëtt Grand-Duc.

  • Den Ierfgroussherzog Guillaume leet den Eed an der Chamber of a gëtt Lieutenant-Représentant vum Grand-Duc Henri. Et ass déi éischte Kéier, datt den Eed no der Verfassung vu Juli 2023 an der Chamber ofgeluecht gëtt. De Grand-Duc Henri gëtt den Troun den 3. Oktober 2025 un de Grand-Duc Guillaume V weider.

Den Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg beim Virdroe vu senger Ried bei der offizieller Vereedegung als Lieutenant-Représentant vu senger Mamm, der Grande-Duchesse Charlotte

Den Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg beim Virdroe vu senger Ried bei der offizieller Vereedegung als Lieutenant-Représentant vu senger Mamm, der Grande-Duchesse Charlotte

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Vereedegung vum Ierfgroussherzog Henri vu Lëtzebuerg als "Lieutenant-Représentant" vum Grand-Duc Jean

D'Vereedegung vum Ierfgroussherzog Henri vu Lëtzebuerg als "Lieutenant-Représentant" vum Grand-Duc Jean

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg / SIP

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

D’Regence

E Regent iwwerhëlt d’Roll vum Grand-Duc, wann dëse seng Funktiounen net méi ausübe kann (Art. 59). De Grand-Duc behält säin Titel, üübt awer seng Aufgaben net méi aus. E volljärege Familljemember, deen an der Trounfolleg virgesinn ass (Art. 56), iwwerhëlt dann d’ Funktioun op Zäit. De Regent muss den Eed an der Chamber ofleeën.

Eng Regence ass néideg:

  • wann de Nofollger beim Doud oder bei der Ofdankung vum Grand-Duc nach net volljäreg ass, d’ Regence dauert da bis zur Volljäregkeet, oder
  • wann de Grand-Duc temporär net fäeg ass, senge verfassungsméissegen Aufgaben nozekommen, z. B. aus gesondheetleche Grënn.

E Bléck op d’ Geschicht vun de Regencen:

Et goufe bis elo zwee Regente (a véier Regencen) an der Geschicht vum Grand-Duché:

  • Zwou Regencen duerch den Herzog Adolph vun Nassau, spéider Grand-Duc vu Lëtzebuerg, um Enn vun der Herrschaft vum Guillaume III.

  • Zwou Regencen duerch d’Grande-Duchesse Marie-Anne, Fra vum Grand-Duc Guillaume IV. Déi éischt wärend senger Krankheet bis 1912, déi zweet tëscht sengem Doud de 25. Februar 1912 an der Volljäregkeet vum Marie-Adélaïde de 14. Juni 1912.

Den Herzog Adolphe vun Nassau gëtt als Herzog-Regent vereedegt

Den Herzog Adolphe vun Nassau gëtt als Herzog-Regent vereedegt

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Conclusioun

D’Roll vum Grand-Duc ass fest an der Verfassung vum Grand-Duché verankert a weist eng equilibréiert Kombinatioun vun Traditioun a moderner Demokratie. Als Staatschef verkierpert de Grand-Duc d’national Eenheet, d’Kontinuitéit vum Staat an d’Onofhängegkeet. Seng Aufgabe sinn definéiert a stinn ëmmer am Kader vun enger parlamentarescher Kontroll.

D’konstitutionell Monarchie vu Lëtzebuerg weist, wéi e monarchesche Staatschef an engem demokratesche System ka funktionéieren, mat Respekt virun der Gewaltentrennung, politescher Neutralitéit a mat engem zolitten institutionelle Fundament.