19.06.2026
50. Anniversaire vu Cebi International
Dësen Donneschdeg huet Elektromechanik-Firma Cebi International hire fofzegsten Anniversaire gefeiert. De Grand-Duc huet un de Feierlechkeeten um Sëtz vum Grupp zu Steesel deelgeholl, zesumme mam Minister Lex Delles.
© Maison du Grand-Duc
Bei där Geleeënheet huet d'Direktioun op fënnef Joerzéngte Wuesstem an Innovatioun zeréckgekuckt, déi d'Entreprise zu engem internationale Grupp gemaach hunn. De Betrib ass haut an 13 Länner vertrueden.
De Grand-Duc an de Minister hunn uschléissend d'Produktiouns- an d'Fuerschungsinstallatioune vum Site besicht. Déi kontinuéierlech Investissementer erlaben der Entreprise fir och an Zukunft un der Spëtzt vun der technologescher Innovatioun ze bleiwen.
