Audienz | Lëtzebuerger Federatioun vun de Sportfëscher

19.10.2026

Audienz | Lëtzebuerger Federatioun vun de Sportfëscher

Um Méindeg huet de Grand-Duc de Serge Petro, President vun der Lëtzebuerger Sportfëscherfederatioun, an de Gusty Graas, Éierepresident, am Kader vum 100. Gebuertsdag vun der Associatioun an Audienz empfaangen.

audience_federation_lu_pecheurs-4.jpg

© Maison du Grand-Duc

Nieft hirem Asaz fir d'Sportfëscherei engagéiert sech d'FLPS, déi 51 Veräiner vereent, och staark fir den Ëmweltschutz, en Domän, deen zënter laangem zu hire Prioritéite gehéiert. Wärend der Audienz sinn hir Vertrieder besonnesch op d'Erausfuerderungen agaangen, déi mam Schutz vun de Gewässer an der aquatescher Biodiversitéit zu Lëtzebuerg verbonne sinn.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc