Audienz vun enger Delegatioun vu Microlux

08.07.2026

Audienz vun enger Delegatioun vu Microlux

Dëse Mëttwoch huet de Grand-Duc eng Delegatioun vu Microlux empfaangen, déi vun der Presidentin, Anne Contreras-Muller, ugefouert gouf.

audience_microlux-1.jpg

© Maison du Grand-Duc

audience_microlux-3.jpg

© Maison du Grand-Duc

Microlux gouf 2016 gegrënnt an ass déi éischt Institutioun fir Mikrofinanzéierung zu Lëtzebuerg. Hir Missioun ass et, déi sozial a wirtschaftlech Inclusioun ze fërderen, andeems si Persounen, déi eng Aktivitéit grënnen oder weiderentwéckele wëllen an keen Zougang zu engem traditionelle Bankkredit hunn, mat Mikrokreditter finanzéiert a begleet.

Am Virfeld vum 10. Anniversaire vun der Institutioun hunn hir Vertrieder dem Staatschef d'Erausfuerderunge presentéiert, mat deene Microlux konfrontéiert ass, grad ewéi déi lafend Projeten, fir déi sozial a wirtschaftlech Inklusioun weider ze stäerken.