Direkt op den Haaptinhalt

09.07.2026

Audienz vun enger Delegatioun vun der UGDA

Dësen Donneschdeg huet de Grand-Duc sech mat enger Delegatioun vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) ënnerhalen, déi vun hirem President André Heinen ugefouert gouf.

© Maison du Grand-Duc

D'UGDA, déi 1863 gegrënnt gouf, ass den nationale Verband vun de Museks-, Gesangs-, Theater-, Danz- a Folklore-Veräiner. Si zielt méi wéi 12.500 aktiv Memberen a baséiert zu engem groussen Deel um Asaz vu ville Benevollen.

Bei de Gespréicher goung et ënner anerem ëm déi grouss Evenementer, déi an nächster Zäit ustinn, souwéi ëm déi wichteg Aarbecht, déi d'UGDA an hir Membersveräiner leeschten, fir den nationale musikaleschen a kulturelle Patrimoine ze erhalen, weiderzeginn an ze fërderen.

De Staatschef huet den Engagement vun de Fräiwëllegen a vun allen Acteure vun der UGDA gewierdegt, déi mat hirer Aarbecht zu engem liewegen a villfältege Kultur- a Veräinsliewen am Land bäidroen. D’UGDA bitt besonnesch jonke Museker vill Méiglechkeete fir hiert Talent weiderzeentwéckelen an ze valoriséieren.