De Grand-Duc ass zu New York fir déi 81. Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen

21.09.2026

Vum 20. bis den 23. September ass de Grand-Duc, begleet vum Minister Xavier Bettel, zu New York am Kader vun der 81. Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen (UNGA). De Staatschef hält am Kader vun der Generaldebatt, déi d'Staats- a Regierungscheffen zesummebréngt, eng Ried iwwer d'Positiounen an d'Prioritéite vu Lëtzebuerg am Kontext vun de groussen internationalen Erausfuerderungen.

photo-sep-21-2026-12-49-19-pm.jpg

© Russ Rowland

Dëse Méindeg hunn de Grand-Duc an de Minister den Affer vun den Attentater vum 11. September 2001 geduecht an um 9/11 Memorial e Kranz néiergeluecht. Fënnefanzwanzeg Joer no dësen Attentater bleift déi kollektiv Erënnerung dorunner erhalen.

photo-sep-21-2026-12-39-58-pm.jpg

© Russ Rowland

photo-sep-21-2026-12-45-59-pm.jpg

© Russ Rowland

photo-sep-21-2026-1-19-53-pm.jpg

© Russ Rowland

photo-sep-21-2026-12-59-41-pm.jpg

© Russ Rowland

Den Dag zu New York ass mat verschiddene bilaterale Gespréicher weidergaangen, ënner anerem mam António Guterres, Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen, a mam Kinnek Abdullah II. vu Jordanien.

photo-sep-21-2026-1-46-17-pm.jpg

© Russ Rowland

mae06961.jpeg

© MAE

mae06839.jpeg

© MAE

mae06857.jpeg

© MAE