Direkt op den Haaptinhalt

08.07.2026

De Grand-Duc krut en Exemplar vun de Memoirë vum Pierre Werner iwwerreecht

De Grand-Duc krut en Exemplar vun de Memoirë vum Pierre Werner iwwerreecht

Dëse Mëttwoch huet de Grand-Duc d'Marie-Anne an den Henri Werner, d'Kanner vum fréieren Éierestaatsminister Pierre Werner (1913–2002), empfaangen, déi him en Exemplar vun de Memoirë vun hirem Papp iwwerreecht hunn.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

Als visionäre Staatsmann an eng vun de bedeitendste Perséinlechkeete vum europäeschen Opbau nom Zweete Weltkrich, huet de Pierre Werner duerch säi Liewenswierk d’Entwécklung vu Lëtzebuerg an Europa entscheedend an nohalteg beaflosst. Dëst weist sech besonnesch am „Werner-Rapport“, deen 1970 publizéiert gouf. Dëse war d'Grondlag, fir déi europäesch Wirtschafts- a Wärungsunioun, an huet domat de Wee fir d'Schafung vun der gemeinsamer Wärung, dem Euro, fräigemaach. De Pierre Werner gëllt als ee vun de Grënnungspappe vum Euro.