Luxembourg Ladies Tennis Masters 2026
15.10.2026
Dësen Donneschdeg war de Grand-Duc bei der éischter Halleffinall vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters 2026 an der Coque, an där sech zwou fréier Tennisgréisste géigeniwwer stoungen: Déi Däitsch Angelique Kerber an d'Puerto-Ricanerin Monica Puig.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
No zwee Sätz, war et d'Titelverdeedegerin Angelique Kerber, déi de Match fir sech konnt entscheeden (6-2, 6-3).
De Grand-Duc huet de Spillerinne fir hir Partie gratuléiert an all de Participantinnen en excellent Turnéier gewënscht.
© Maison du Grand-Duc











