07.07.2026
Nei Serie vu Lëtzebuerger Euroe mam Mënzebild vum Grand-Duc goufe gepräägt, a Presenz vum Staatschef
Um Dënschdeg huet de Grand-Duc, a Begleedung vum Minister Gilles Roth a vum President vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch, zu Pessac bei Bordeaux d’Monnaie de Paris besicht. Do ginn déi Lëtzebuerger Euro-Mënze mam Bild vum Staatschef produzéiert, déi vum 13. Juli un an den Ëmlaf kommen.
© SIP / Emmanuel Claude
Den institutionellen Héichpunkt vun der Visitt war wéi de Grand-Duc selwer déi alleréischt Zwee-Euro-Mënz mat sengem Bild drop gepräägt an dës dono entgéintgeholl huet. Déi Responsabel vun der Monnaie de Paris hunn de Gäscht déi ënnerschiddlech Etappe vun der Fabrikatioun vun neie Mënzen erkläert, vun der Gravure iwwer d’Preparatioun vum Handwierksgeschier dat fir d’Prägung gebraucht gëtt, bis zu der Prägung selwer. Dës eenzel Virgäng ënnersträichen den Know-How an déi héich technesch Komplexitéit vun dësem Prozess.
Déi éischt Mënzprägung mécht domat en neit Kapitel an der Lëtzebuerger Währungsgeschicht op an ass e ganz wichtege symbolesche Moment vum neie Règne.
Am Kader vum Openthalt zu Bordeaux goufen de Grand-Duc an de Minister am Stadhaus vu Bordeaux vum Buergermeeschter Thomas Cazenave empfaangen, zesumme mat der Sophie Brocas, Prefektin vun der Regioun Nouvelle-Aquitaine a vun der Gironde.
© SIP
