UNO | New York: Dialog, Vertrauen a Jugend
24.09.2026
E Réckbléck op d’Héichpunkte vun deenen zwee leschten Deeg vum Grand-Duc senger Aarbechtsvisitt zu New York.
© MAE
No senger Ried virun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen huet de Grand-Duc, begleet vum Minister Xavier Bettel, seng Gespréicher mat verschiddene Staats- a Regierungscheffe weidergefouert. Dës Echangë waren eng Geleeënheet, fir gemeinsam Erausfuerderungen unzeschwätzen an d’Relatioune mat de Partner vu Lëtzebuerg ze stäerken.
De Staatschef huet och un enger Receptioun deelgeholl, déi vum President vun de Vereenegte Staaten, Donald Trump, offréiert gouf.
© MAE
© MAE
© MAE
Um leschten Dag vu senger Aarbechtsvisitt huet de Grand-Duc un der Konferenz „Youth Mental Health & Well-Being in an Uncertain World“ deelgeholl, déi am Kader vun der Presentatioun vun engem wichtege Rapport vun de Vereenten Natiounen iwwer d’mental Gesondheet an d’Wuelbefanne vu jonke Leit organiséiert gouf. A senger Interventioun huet de Grand-Duc ënnerstrach, wéi wichteg et ass, deene Jonken nozelauschteren, hinne Vertrauen ze schenken an d’Méiglechkeeten ze ginn, fir selwer aktiv ze ginn.
© Russ Rowland
Um Programm vum Grand-Duc stoung och en Entretien mam Sheikh Sabah Al-Khaled Al-Sabah, Krounprënz vu Kuwait.
Den Openthalt zu New York ass mat enger Receptioun an der permanenter Vertriedung vu Lëtzebuerg bei de Vereenten Natiounen op en Enn gaangen.
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Zougangsastellungen
- Animatiounen
- Espace tëschent den Zeilen
- Schrëftaart (Dyslexie)
Sichen











