
40 Datume fir 25 Joer Règne
2000

De 7. Oktober 2000
Trounwiessel
De Grand-Duc leet virun der Chamber – a Presenz vun der der Kinnigin vun Holland an der belscher Kinnekskoppel - den Eed of.
« Je jure d'observer la Constitution et les lois du Grand-Duché de Luxembourg, de maintenir l'indépendance nationale et l'intégrité du territoire ainsi que les libertés publiques et individuelles ».
An deenen Deeg duerno maachen de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse Courtoisievisitten zu Paräis an zu Berlin.



Den 11. a 12. Dezember 2000
« Intelligenz vum Häerz »
Zu Madrid hëlt d’Grande-Duchesse un der internationaler Konferenz iwwer d’Kultur vum Fridden deel, dëst op Invitatioun vum Frederic Mayor Zaragoza, dem Generaldirekter vun der UNESCO.
D’Grande-Duchesse hält eng Ried zum Thema « Intelligenz vum Häerz » a weist dobäi a wat fir eng Richtung si hir Engagementer orientéiere wëll. Zwee Méint méi spéit geet si op eng humanitär Missioun an de Mali.
2001


De 14. Februar 2001
20. Hochzäitsdag
Déi Groussherzoglech Koppel feiert, zesumme mat hire 5 Kanner, hiren 20. Hochzäitsdag.




Den 19. Abrëll 2001
D’Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse
De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse leeën hir jeeweileg Prënze-Fondatiounen zesummen a grënnen domat d’Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse. Op dës Manéier ënnerstëtze si sozial Projeten op nationalem Niveau.

Den 23. Juni 2001
Den éischten Nationalfeierdag
Dëst ass den Datum vum éischten Nationalfeierdag vum neie Grand-Duc. Et ass och d’Zäit vun den « Joyeuses entrées » an de Visitten am ganze Land. Am Dezember hält de Grand-Duc déi éischt Chrëschtusprooch, déi op der Tëlee gewise gëtt.

Den 11. September 2001
D’Attentater vun New York
Zwee entféiert Passagéierfliger ginn zu Manhattan bewosst an zwee Héichhaiser gesteiert. De Grand-Duc, weist sech „déif schockéiert vun der Tragedie“ an adresséiert e Kondolenztelegramm un den US-President George W. Bush.

2003

Den 9. Abrëll 2003
De Prix européen de la Microfinance
Am Kader vun hirer UNESCO-Missioun am Bangladesch léiert d’Grande-Duchesse de Professer Yunus kennen. Dëst ass den Ufank vun enger grousser Frëndschaft mat engem Mann, dee spéider (2006) fir säin Engagement an de Mikrofinanzen am Déngscht vun deenen Äermsten mam Friddensnobelpräis ausgezeechent gëtt.
Mam „Banquier vun deenen Aarmen“ lancéiert d’Grande-Duchesse d’„Grameen Crédit Agricole Foundation“, e Konzept, dat si op Lëtzebuerg bréngt, wou si och den éischte „Prix européen de la Microfinance“ a „LuxFlag“ grënnt, eng Associatioun vun där si och d‘Presidentin ass.

Den 10. Oktober 2003
Université de Luxembourg
D’Université de Luxembourg gëtt gegrënnt. D’Universitéit huet déi selwecht ADN wéi de Grand-Duché : internationalen Austausch a bilateral Partnerschaften.
Vum Erfolleg vun der UniLU (7.000 Studenten aus 150 Länner) profitéieren déi Jonk, d‘Fuerschung, d‘Wirtschaft an och Lëtzebuerg. Bal sämtlech Staatsvisitte maachen e Stopp um Site vun der Universitéit a besichen de Patrimoine um Belval.

2004

Den 13. Juni 2004
Den demokratesche Choix
Dëst ass den Datum, deen aus demokratescher Siicht onëmgänglech ass: No de Chamberwale steet fest, datt de Jean-Claude Juncker, deen zënter 1995 Premier ass, un der Muecht bleift. Bis 2013 wäert hien och an dëser Funktioun bleiwen. Dono gëtt hie vum Xavier Bettel ofgeléist. 2024 dann iwwerhëlt de Luc Frieden de Poste vum Regierungschef.
De Grand-Duc huet iwwer d’Hallschent vu sengem Règne mat nëmmen engem Premier verbruecht, am Ganzen hat hien dräi verschidde Regierungscheffe bannent 25 Joer u senger Säit. Dës Stabilitéit, déi och vun der konstitutioneller Monarchie gestäerkt gëtt, ass ee vun de Schlëssel zum Erfolleg vum Grand-Duché.
2005

Den 1. Januar 2005
Am Häerz vun Europa
De Grand-Duché huet d’Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun. Lëtzebuerg – ee vun de Grënnungsmembere vun der Europäescher Unioun – ass och eent vun den europäeschste Länner.
Am Häerz vun der Unioun, ass et e Land dat Awunner aus méi méi 170 Staaten a Frontalieren an engem Integratiounsmodell zesummebréngt.

Den 8. Abrëll 2005
D’Engagementer vun der Grande-Duchesse
D’Grande-Duchesse gëtt Member vum Conseil d‘Administration a Presidentin vum Exekutivcomité vum Lëtzebuerger Roude Kräiz. Dëst ass zwar hire wichtegsten nationalen Engagement, mee si setzt sech nach fir vill aner Causen an: Fondation Cancer (Relais pour la Vie – Télévie), « ALAN maladies rares », Alzheimer Luxembourg, « Tricentenaire », « Association des Parents d’Enfants Mentalement Handicapés » (APEMH), …

2007

Den 19. Abrëll 2007
« Verdeedeger vun de Kanner » (UNICEF)
D’Grande-Duchesse gëtt zum „Eminent Advocate for Childen“ vun der UNICEF ernannt an hëlt deel un de Festlechkeeten am Kader vum 30. Gebuertsdag vun UNICEF Lëtzebuerg. An der Joresversammlung vun den nationale Comitéen zu Mondorf dréint sech alles ëm de Sujet „Kandheet an AIDS“.

2008

Den 1. Dezember 2008
D’Euthanasie a Fro gestallt
De Grand-Duc huet Zweiwel am Kader vum Euthanasiegesetz a berifft sech op säi Gewëssen. Dëst féiert zu enger wichteger Debatt iwwer d’Verfaassung, déi schlussendlech e Changement vun der Constitutioun am Joer 2023 mat sech bréngt.
2009

Den 2. Juni 2009
Am Prisong vu Bujumbura
D’Grande-Duchesse ass am Kader vun enger UNICEF-Visitt am Burundi. Mat der Communautéit vu Sant’Egidio decidéiert si an den zentrale Prisong vu Bujumbura eran ze goen. Hei si Fraen a Kanner agespaart, deenen hir Haftbedingunge si uprangert.
Fënnef Méint méi spéit, reest d’Grande-Duchesse op Stockholm, wou den 20. Gebuertsdag vun der UNO-Konventioun iwwer d’Rechter vum Kand gefeiert gëtt.


2011

Den 20. Juni 2011
Gläichheet tëscht Mann a Fra fir den Troun
De Grand-Duc féiert d’Gläichheet tëscht Mann a Fra bei der Trounfolleg an. Dëst ass e wichtege Changement, deen dräi Joer no der Promulgatioun vum Gesetz iwwer d’Chancëgläichheet tëscht Männer a Fraen a Kraaft trëtt.
2012
Den 20. Oktober 2012
D’Hochzäit vum Ierfgroussherzog
De Prënz Guillaume bestit sech mat der Gräfin Stéphanie de Lannoy. E freedegen Evenement deen, nom Bestietnis tëscht dem Grand-Duc Jean mat der Prinzessin Joséphine-Charlotte, d’Lienen tëscht dem Grand-Duché an der Belsch nees nei knäppt.

2014

Den 18. Juni 2014
D’Hochzäit fir jiddereen
De Grand-Duc promulgéiert d‘Gesetz iwwer d’Bestietnis fir jiddereen. Lëtzebuerg war och eent vun den éischte Länner, dat d‘Homosexualitéit als Strofdot am Joer 1974 ofgeschaaft huet. E gudde Moment fir drun z’erënneren, datt Homosexualitéit an 63 Länner op der Welt nach ëmmer e Verbriechen ass …
2015

Oktober an November 2015
Entreprenariat vun de Fraen
D’Grande-Duchesse hëlt deel un der internationaler Konferenz « Femmes dans la décision économique », wou si sech besonnesch fir den Entreprenariat vun de Fraen interesséiert. Am Januar 2016, schwätzt si dëse Sujet och um Forum vun Davos un.
Den 29. August 2019 baut de Sujet weider am Kader vun hirer Ried bei der Université d’été du MEDEF (Entrepreneurs de France) aus: « la place des femmes dans la société et l’égalité en droit et en fait, l’indépendance économique et l’éducation des jeunes filles ».

2016

Den 30. Januar 2016
Léierschwieregkeeten
D’Grande-Duchesse hëlt sech der Problematik vun de Léierschwieregkeeten zu Lëtzebuerg un. Schonn am Joer 2010 huet si zu Paräis de Weltforum iwwer Legasthenie opgemaach. Zu Lëtzebuerg huet si den Haut Patronage um éischten internationale Forum iwwer dës Zort Stéierungen, dorënner d’Dyslexie, vun där och de Prënz Louis betraff ass.

De 27. Oktober 2016
Vergewaltegung als Krichswaff
D’Grande-Duchesse emfänkt an enger Audienz den Dokter Denis Mukwégé, mat deem si eng Campagne géint sexuell Gewalt a Krichsgebidder leet.
Schonn am Joer 2014 hat d’Grande-Duchesse dëse Sujet zu London op enger Konferenz ugeschwat. Si léisst elo déi Affer zu Wuert kommen, déi si bei der Ausstellung „Hidden Voices“ zu Genf kennegeléiert huet. Zousätzlech lancéiert si d’Campagne „NOT A TARGET“ fir d’Hëllefsdéngschter an d’Spideeler a Konfliktregiounen ze schützen.
2017

De 6. November 2017
Engagéiert fir d’Ëmwelt
De Grand-Duc ass fir déi éischte Kéier op enger UNO-Klimakonferenz, der COP23 zu Bonn. Dëse grousse globale Rendez-Vous trëfft all Joer den Nol op de Kapp, wann et dorëm geet d’Bewosstsinn ze schäerfen an d’Leit zum Handelen opzeruffen. De Grand-Duc, dee sech ganz staark fir de Planéit engagéiert, ass e perséinleche Frënd vum Bertrand Piccard: déi zwee Männer deelen an dëser Fro de selwechte pragmateschen Optimismus.

2018

Den 20. Juli 2018
Déi Lëtzebuerger Sprooch an déi kulturell Identitéit
Den 20. Juli 2018 – D’Gesetz iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gëtt gestëmmt. Déi Lëtzebuergesch, déi franséisch an déi däitsch Sprooch – awer och dat Englescht ginn am ëffentleche Liewen an am Alldag am Grand-Duché geschwat. Der Lëtzebuerger Sprooch nees eng besonnesch Wichtegkeet ze ginn, heescht, e Facteur vun Zesummenhalt an Integratioun ze schafen an eng kulturell Identitéit ze bekräftegen.

Den 30. Oktober 2018
Mat de Flüchtlingen aus dem Libanon
D’Grande-Duchesse ass op humanitärer Missioun am Libanon (UNICEF an CICR), wou si e Flüchtlingscamp bei Bar Elias besicht.
2019

De 26. a 27. Mäerz 2019
Dräi Nobelpräisdréier zu Lëtzebuerg fir « Stand Speak Rise Up! »
Zu Lëtzebuerg ass den éischte Forum « Stand Speak Rise Up! », organiséiert vun der Grande-Duchesse, a Präsenz vun dräi Friddensnobelpräisdréier an enger grousser Zuel vun Affer vu Gewalt, déi aus der ganzer Welt kommen.
Och no dësem Event, féiert d’Grande-Duchesse d’Aarbecht vum Forum weider a grënnt d’Associatioun « SSRU ». Den 12. September 2019 gëtt si als « Championne ONU de la lutte contre les violences sexuelles liées aux conflits » deklaréiert – dës Éierung kritt si vun der Mme Pramilla Patten iwwerreecht, déi speziell Vertriederin vun der UNO zu der Thematik sexuell Gewalt a Konfliktgebidder ass.




Den 23. Abrëll 2019
Den Doud vum Grand-Duc Jean
Lëtzebuerg ass an Trauer : De Grand-Duc Jean stierft am Alter vun 98 Joer. Am Joer 2000 war hien zu Gonschte vu sengem Jong Henri vu senge Funktiounen ofgetrueden. Seng Fra, d’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte, ass schonn den 10. Januar 2005 verstuerwen.
D’Regierung deklaréiert 12 Deeg national Trauer.

2020

Den 29. Februar 2020
D’Gesondheetskris an den Ausnamezoustand
Den éischte Fall vu COVID gëtt zu Lëtzebuerg nogewisen. Den 13. Mäerz 2020 rifft d’Regierung den Ausnamezoustand aus. Dëse bleift bis de 24. Juni a Kraaft. Am Oktober da kënnt déi zweet Well vun der Pandemie.
De Grand-Duc riicht sech de 27. Oktober duerch e Video-Message un d’Bevëlkerung. Hie rifft aus de Grënn vun der Solidaritéit an dem Respekt dozou op, datt d’Leit sech sollen un d’Reegelen halen.
„Mir sinn dat net nëmmen eise Matmënsche schëlleg, mee och den Infirmieren, de Medezinner, den Aide-soignanten an dem gesamte Spidolspersonal.“
De COVID wäert eleng am Grand-Duché 1123 Mënscheliewe kaschten.

Den 10. Mee 2020
D’Gebuert vum Prënz Charles
Eng grouss Freed fir d’Famill: D’Gebuert vum Prënz Charles, Jong vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie. Säi Brudder, de Prënz François, kënnt de 27. Mäerz 2023 op d’Welt.


Den 9. Oktober 2020
D’Grënnung vun der Maison du Grand-Duc
D’Maison du Grand-Duc gëtt duerch e groussherzoglecht Reglement geschaf. Dës nei Administratioun stellt dem Grand-Duc déi administrativ a logistesch Ënnerstëtzung zur Verfügung, déi hien als Staatschef brauch.
Si geet aus dem Waringo-Rapport ervir, dee sech mam Fonctionnement an der Gestioun vum Haff befaasst huet.

2022

Januar 2022
ESCH 2022, Kulturhaaptstad
Lëtzebuerg begréisst zu Esch, déi europäesch Kulturhaaptstad 2022, dëst ënnert dem Haut Patronnage vun der Grande-Duchesse. Mat Esch 2020 geet d’Kulturhaaptstad dann och iwwer d’Grenzen eraus, si ass no bei de Leit, partizipativ a nohalteg.
Déi iwwer 3.500 Aktivitéiten zéien iwwer 500.000 Visiteuren un.

De 24. Februar 2022
Russland iwwerfält d’Ukrain
De 25. Februar emfänkt de Grand-Duc de Margarítis Schinás, Vize-President vun der Europäescher Kommissioun an Europäesche Kommissär.
Am hirem Gespréich geet et ëm d’Situatioun an der Ukrain an ëm d’Organisatioun beim Accueil vun den ukrainesche Flüchtlingen, déi an déi verschidde Länner vun der EU kommen. Lëtzebuerg ass prett.
„Déi russesch Invasioun vun der Ukrain, e brutalen Agressiounskrich, stellt alles a Fro wourop mir, zënter 1945, eis friddlech Koexistenz opgebaut hunn : Konflikter duerch en Dialog ze léisen an net duerch Gewalt. D’Konsequenze vun dësem Krich hu weltwäit en negativen Impakt.“ (Chrëschtusprooch 2022)

2023

Den 1. Juli 2023
Déi nei Verfaassung
Op dësem Dag trëtt déi nei Lëtzebuerger Verfaassung a Kraaft, 175 Joer no der Verfaassung vun Ettelbréck. Den Text ass d’Resultat vu laangjäreger Aarbecht, mat der Ambitioun, d’Verfassung un déi aktuell an zukünfteg Entwécklunge vun eiser Gesellschaft unzepassen.


Den 18. September 2023
Ëmmer un der Säit vun den Infirmièren
An der Maison du Savoir um Campus vun der UniLU um Belval, ass d’Grande-Duchesse bei der éischter akademescher Rentrée vun de 60 Bachelor-Studente vun de Sciences infirmières dobäi. Dëst ass e Moment an der Formatioun vum Fleegepersonal, op dee laang gewaart gouf, an e wichtege Schratt am Kampf géint de Personalmanktem am Infirmièresecteur.

2024

Den 8. Mäerz 2024
Sexuell Gewalt a Gerechtegkeet
Um Barreau zu Paräis, schwätzt d’Grande-Duchesse en neien Aspekt am Kampf géint d’Vergewaltegung als Krichswaff un: Si ass bei an engem Aarbechtsgrupp mat dobäi, dee sech mat der spezifescher Formatioun vu jonke Juriste beschäftegt. Konkret geet et ëm de Fait, datt a Fäll vu sexueller Gewalt, och d’Justice sech weider muss entwéckelen.

De 27. Mee 2024
Mam Kinnek Charles zu Windsor
De Grand-Duc Henri gesäit zu Windsor de Kinnek Charles, mat deem hie seng Leidenschaft fir d’Ëmwelt deelt. Déi laang Geschicht tëscht Groussbritannien a Lëtzebuerg gëtt weidergefouert.
Zu Oxford, viru Studenten, stellt de Grand-Duc Lëtzebuerg vir. 'I hope I could convince you that my country is an example of how a small nation can achieve great things through strategic economic planning, political stability, and cultural inclusivity. Its story is one of resilience, adaptability, and forward-thinking, making it a true European success story'.


Den 23. Juni 2024
D’Annonce vum Lieutenant-Représentant
Am Kader vun der Ried op Nationalfeierdag an der Philharmonie, schwätzt de Grand-Duc iwwer säi Vertrauen an déi Jonk a profitéiert vun dësem Moment fir ee Saz ze soen, deen de Rescht vu senger Ried an de Schiet stellt.
"An deem Kontext wëll Ech, mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie, Iech matdeelen, dass Ech decidéiert hunn dësen Oktober dem Prënz Guillaume d’Lieutenance ze iwwerdroen."
De Countdown fir de Regentschaftswiessel ass lancéiert.




De 26. Juli 2024
D’Leidenschaft fir déi olympesch Wäerter
De Grand-Duc, Member vum Internationalen Olympesche Comité, ass fir déi Olympesch Spiller op Paräis gereest. Hie beschreift den Event als « déi aussergewéinlechst Olympesch Spiller, déi hie jee gesinn huet ». Mat der Organisatioun an der Stad, an der aussergewéinlecher monumentaler Kuliss, huet Paräis d’Spiller nei erfonnt.
Zesumme mat der Grande-Duchesse kënnt de Grand-Duc am September fir d’Paralympesch Spiller zréck. Hien ass och dobäi, wéi d’Grande-Duchesse dem Lëtzebuerger Tom Habscheid d’Bronzemedail iwwerreecht. Déi groussherzoglech Koppel ënnerstëtzt sämtlech Sportler a sämtlech Sportaarten.




De 25. September 2024
Déi lescht Visitt vum Poopst François
De Poopst François ass fir een Dag op enger Visitt zu Lëtzebuerg, 50 Joer nodeem de Poopst Jean-Paul II. hei am Land war. An der Delegatioun aus dem Vatikan ass och de Mgr Robert Francis Prevost, deen dee Moment nach net weider opfält.
De Poopst François stierft den 21. Abrëll 2025.
« Le Pape François fut un homme de grande compassion, partageant les maux et les souffrances d'autrui. Se souciant en permanence des problèmes des personnes les plus défavorisées ainsi que des réfugiés, il fut dévoué aux plus vulnérables, tout en restant attentif aux espérances de la jeunesse » schreift de Grand-Duc a sengem Kondolenzmessage.
Säin Nofollger, de Léon XIV, gëtt den 8. Mee gewielt an hëlt vum 18. Mee u seng nei Funktiounen offiziell un. Bei dësem historesche Moment ass déi groussherzoglech Koppel zu Roum present.



Den 8. Oktober 2024
Vereedegung vum Lieutenenant-Représentant
Den Ierfgroussherzog gëtt zum « Lieutenant-Représentant ». Fir d’éischt ënnerschreift de Grand-Duc den Acte am Palais, dono leet de Prënz Guillaume säin Eed an der Chamber of « Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir fidèlement mes attributions constitutionnelles ».
Dëst ass den offizielle Startschoss fir den Trounwiessel. De Grand-Duc verstoppt seng Erliichterung net.



De 7. Dezember 2024
D’Reouverture vun der Kathedral vu Paräis
De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse si bei der offizieller Reouverture vun der Paräisser Kathedral present, dëst ass en Hommage un all d’Pompjeeën, d’Architekten, d’Entreprisen aus dem Bau an d’Handwierker, déi mat un der Restauratioun vun der Kathedral, engem UNESCO Weltkulturierwen, geschafft hunn. D’Grande-Duchesse ass d’Giedel vun der Klack « Marie » vun der Kathedral, dës hat d’Feier gutt iwwerstanen.


2025

Den 30. Mee 2025
Op der Weltexpo zu Osaka
De Grand-Duc presidéiert eng wichteg ministeriell a wirtschaftlech Delegatioun, déi fir de „Luxembourg Day“ op der Weltexpo zu Osaka ass. Op der Plaz bewonnert de Grand-Duc de Lëtzebuerger Pavillon.
'In these challenging times, when the world is facing increasing tensions and uncertainty, events like Expo 2025 Osaka serve as a powerful reminder of the importance of international dialogue. […] Luxembourg’s pavilion is a brilliant example of what can be achieved when we work in harmony. It is the result of a remarkable co-operation between Japanese and Luxembourg companies.'


La Playslist grand-ducale
Connaissez-vous les coups de cœur musicaux du Couple grand-ducal ? Non ? Explorez dès maintenant leur univers musical !