Direkt op den Haaptinhalt

16.06.2026

Audienz fir eng Delegatioun vun der « Conference of European National Librarians » (CENL)

Audienz fir eng Delegatioun vun der « Conference of European National Librarians » (CENL)

En Dënschdeg huet d'Grande-Duchesse eng Delegatioun vun der « Conference of European National Librarians » (CENL) empfaangen, déi vun hirem President, dem Frank Scholze, geleet gouf.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

D'CENL gouf am Joer 1989 gegrënnt a regruppéiert d'Direktere vun den Nationalbibliothéike vun de 46 Memberstaate vum Europarot. Si gehéieren zu engem Reseau, deen ee gemeinsaamt Zil huet: d'Erhalen an d'Valoriséiere vum groussen europäesche Kulturierwen.

Am Kader vun der Audienz hunn d'Vertrieder vun der CENL an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) der Grande-Duchesse déi verschidde Missioune vun dësem Reseau virgestallt, deen sech dëst Joer am Grand-Duché fir säin alljärleche Rendez-vous getraff huet. Am Mëttelpunkt vum Gespréich stoungen déi gemeinsam Erausfuerderungen, deenen d'Bibliothéike géintiwwerstinn, sou wéi d'Initiativen, déi d'Erhalen an d'Weidergi vum europäeschen dokumentareschen Ierwe solle stäerken.

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc