17.12.2025
Audienz vum Maksym Dotsenko, Generalsekretär vum Ukrainesche Roude Kräiz
An hirer Funktioun als Presidentin vun der Assemblée vum Lëtzebuerger Roude Kräiz huet d’Grande-Duchesse dëse Mëttwoch de Maksym Dotsenko, Generalsekretär vum Ukrainesche Roude Kräiz, am Kader vun enger Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg empfaangen.
Am Mëttelpunkt vun de Gespréicher stoung d’humanitär Situatioun an der Ukrain. Dobäi gouf dat bedeitend Engagement vum Lëtzebuerger Roude Kräiz ënnerstrach, dat sech duerch eng laangfristeg Ënnerstëtzung vun deene Populatiounen, déi vum Konflikt betraff sinn, auszeechent.












