Audienz vum Marc Wagener, neie Generaldirekter vum Lëtzebuerger Roude Kräiz
23.09.2026
© Maison du Grand-Duc
An hirer Funktioun als Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz huet d’Grande-Duchesse dëse Mëttwoch de Marc Wagener, neie Generaldirekter vun der Organisatioun, empfaangen. Hien ass den Nofollger vum Michel Simonis, deen zanter 2013 op der Plaz war.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
D’Groussherzogin huet dem Här Wagener fir seng Nominatioun felicitéiert an him vill Erfolleg a senger neier Funktioun gewënscht. Beim Gespréich gouf sech och iwwer d’Prioritéite vum Lëtzebuerger Roude Kräiz an d’Erausfuerderungen, mat deenen d’Organisatioun konfrontéiert ass, ausgetosch.
Aktivitéiten | D’Grande-Duchesse
Zougangsastellungen
- Animatiounen
- Espace tëschent den Zeilen
- Schrëftaart (Dyslexie)
Sichen











