Direkt op den Haaptinhalt

29.01.2026

Audienz vun enger Delegatioun vun der Beweegung « Innocence en danger » (IED)

D’Situatioun vu Kanner, déi Affer vu Mëssbrauch sinn, ass e wichtegt Uleies fir d'Grande-Duchesse. Si huet dësen Donneschdeg eng Delegatioun vun der Lëtzebuerger Sektioun vun der internationaler Beweegung « Innocence en danger » (IED) empfaangen, déi zënter Januar 2025 am Grand-Duché operationell ass.

© Maison du Grand-Duc

D'IED gouf 1999 gegrënnt a setzt sech fir d’Protektioun vu Kanner géint all Forme vu Gewalt an, besonnesch géint sexuell Gewalt. Dës Phenomener ginn nach ëmmer ënnerschat, dacks well d'Affer d’Faiten net denoncéieren.

Wärend der Audienz hunn d’Presidentin vun der IED, d'Madamm Homayra Sellier, d‘ Vize-Presidentin, d'Madamm Eolia Verstichel, sou wéi hir Affekotin Nathalie Sartor, der Grande-Duchesse d'Aktivitéite vun der Organisatioun zu Lëtzebuerg virgestallt. Et goufen och d’Projete presentéiert, déi d'Begleedung an de Schutz vun den Affer verbesseren.

© Maison du Grand-Duc