06.05.2026
Diplomiwwerreechung un Handwierker - Promotioun 2025
E Mëttwoch huet d'Chambre des Métiers am Kader vun hirer traditioneller Iwwerreechung vun de Meeschterdiplomer an den Diplomer vun der "Promotion du Travail" 154 Handwierker geéiert. D'Grande-Duchesse gouf bei der offizieller Zeremonie vum Premier Minister, Luc Frieden, an de Ministere Claude Meisch a Marc Spautz, sou wéi dem President vun der Handwierkerkummer, Tom Oberweis, begleet.
© Chambre des Métiers / Mathilde Magne & Lynn Theisen
D'Grande-Duchesse, déi sech mat hirer Associatioun « De Mains de Maitres » fir d'Handwierk asetzt, huet de Laureate fir hir Aarbecht an hiren Engagement wärend hirer Ausbildung gratuléiert. Hiren Asaz wäert zu der Entwécklung vun engem ganze Secteur bäidroen, deen der Grande-Duchesse immens um Häerz läit. Si huet sech et och net huele gelooss, d'Professeren an d'Formateuren ze felicitéieren.
© Chambre des Métiers / Mathilde Magne & Lynn Theisen
All Joer entscheede sech vill Nei-Diploméierter fir de Wee vun der Exzellenz an dem Savoir-Faire. Si droen domat hiren Deel zur d'Attraktivitéit vun dëser Branche bäi, déi fir d'Dynamik vun der Wirtschaft vum Land essenziell ass.












