19.12.2025
Iwwerreechung vum Prix Grand-Duc Adolphe 2025
Dëse Freiden huet d'Grande-Duchesse de Prix Grand-Duc Adolphe 2025 un déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet fir hiert Wierk, e ganz beréierende Video mam Numm « just listen », iwwerreecht. Dëst Wierk huet d'Artistin am Kader vum Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) virgestallt.
© Maison du Grand-Duc
An deem Video konfrontéiert d‘Artistin de Public mat den Erfarungen, déi si an de verschidde Stadie vun hirer Kriibserkrankung gemaach huet.
Bei der Präisiwwerreechung am Palais waren ënner anerem och de Minister Eric Thill an eng Delegatioun vum CAL present, dee vun hirem President, dem Pierre Reuter, representéiert gouf.
2026 gëtt der Gewënnerin vum Prix Grand-Duc Adolphe 2025 eng Ausstellung an der Galerie Schlassgoart zu Esch/Uelzecht gewidmet.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
Aktivitéiten | D’Grande-Duchesse
Zougangsastellungen
Sichen












