06.07.2026
Rencontres de la Photographie zu Arles | Visitt vun der Ausstellung « La Nature d’Edward Steichen »
Am Kader vun de « Rencontres de la Photographie» zu Arles stellt d’Asbl „Lët’z Arles“, déi dëst Joer hiren 10. Anniversaire feiert, de bekannte Lëtzebuerger Fotograf Edward Steichen, mat enger bis elo nach ni gewisener Ausstellung iwwer seng Faszinatioun fir d’Natur, an de Mëttelpunkt.
© Philippe Praliaud
Dësen Dënschdeg huet d’Groussherzogin, begleet vum Minister Eric Thill, d’Ausstellung « La Nature d’Edward Steichen » besicht. Do gëtt eng Auswiel vu Fotoe gewisen, déi um Kënschtler sengem eenzegaartege Bléck op d'Schéinheet vun der Natur baséieren. D’Ausstellung weist domat eng manner bekannt Facette vu sengem Wierk, dat dacks zu engem groussen Deel mat senge bekannte Moud- a Portraitsfotoen associéiert gëtt.
Am Uschloss un dës Visitt huet d’Groussherzogin och un der Presentatioun vum Buch « Edward Steichen – La nature en scène » deelgeholl, dat sech méi am Detail mat dëser manner bekannter Passioun vum Kënschtler an där hirer Bedeitung a senge Wierker befaasst.












