Actualité
Trounwiessel | De Monogramm vum zukünftege Grand-Duc Guillaume

D’Maison du Grand-Duc huet d’Éier de Monogramm vum zukünftege Grand-Duc Guillaume virzestellen, dee formell vum 3. Oktober 2025 u benotzt gëtt.
De Monogramm mat den zwee Buschtawen „G“ ass symmetresch gespigelt an huet uewendriwwer eng Kroun. Dëse kënnt op d‘Uniforme vun der Arméi, der Police, der Administration pénitentiaire, der Douane an dem CGDIS an ass den offizielle Symbol vum zukünftege Grand-Duc.
D'Kreatioun vun dësem neie Monogramm baséiert op enger historescher Analys. Véier verschidde Fäll goufen identifizéiert:
- Den duebele Virnumm mat symmetreschen Initialen (Marie-Adelaïde)
- Den einfache Virnumm mat net-symmetreschen Initialen (Jean)
- Den einfache Virnumm mat symmetreschen Initialen (Henri)
- An - als Ausnam - den einfache Virnumm mat zwee net symmetresche Buschtawen „C“ an engem klengen „h“ (Charlotte).
E symmetresche Buschtaf ass e Buschtaf, deem säi Reflet am Spigel sech net verännert. Eng ganz Rei grouss Buschtawen hunn dës Eegenschaft par Rapport zu der vertikaler Ax: A, H, I, M, O, T, U, V, W, X, Y. Den C, de J an de G sinn net-symmetresch Buschtawen.





Wa bei de Monogramme Marie-Adélaïde, Charlotte a Jean grafesch Elementer bäigefüügt gi sinn, sou ass beim Monogramm Henri dorop verzicht ginn.
Fir den neie Monogramm ass d’Maison du Grand-Duc un déi Lëtzebuerger Grafikerin Yolande Kaiser erugetrueden (yo.ko.graphics), déi de « G » vum zukünftege Grand-Duc stiliséiert huet an domat d’Traditioun vun den net symmetreschen, gespigelte Buschtawe weiderféiert.
«De Prënz Guillaume huet sech fir e G entscheet, dee sech un der kursiver Handschrëft inspiréiert, erkläert d’Yolande Kaiser. Ausgangspunkt war eng kalligrafesch Orientéierung, op där hirer Basis verschidde Skizzen entwéckelt goufen, déi souwuel praktesch Uwendunge berücksichtegen – wéi d’Adaptatioun vum Monogramm als Insigne fir Uniformen – wéi och déi spezifesch Wënsch vun der ierfgroussherzoglecher Koppel. Dem Prënz war et wichteg, datt een “G” gutt erkennen a liese kann.
Fir dëse Charakter ervir ze hiewen, goufen Elementer aus der Kéier vum Buschtaf an de Monogramm integréiert, wat eng dekorativ a méi lëfteg Wierkung ergëtt. De Monogramm gouf nom Prinzip vum gëllene Schnëtt entworf a breet sech no uewen hi liicht aus, a Richtung vun der Kroun. Déi baussenzeg Kante vun der Kroun an dem duebele G si perfekt openee ofgestëmmt, wat eng geometresch Harmonie ervirhieft.
Fir dës Geleeënheet, gouf d’Kroun selwer nei gezeechent, ma si bleift trotzdeem der offizieller Kroun vum Groussherzoglechen Haff trei. Fir d’Insignen, déi op déi verschidden Uniforme kommen, steet d’Kroun un der Spëtzt vum G.»
De Monogramm gëtt vun enger kompletter grafescher Charta begleet. All Reproduktioun vum Monogramm muss am Virfeld vun der Maison du Grand-Duc accordéiert ginn.