Actualité

D'Campagne "Trounwiessel"

D'Maison du Grand-Duc huet d'Éier fir déi visuell Identitéit vum Weekend vum Trounwiessel, sou wéi de Programm vun de Festivitéite virzestellen.

De Programm

De Programm vum Trounwiessel verleeft iwwer e puer Deeg: Freides, den 3. Oktober sinn déi offiziell Zeremonien an der Stad; Samschdes, de 4. Oktober ass de Moment vum grousse Volleksfest, dat op verschidde symbolesche Plazen uechter d'Land gefeiert gëtt; Sonndes, de 5. Oktober kënnt déi Groussherzoglech Famill fir en Te Deum zesummen, deen an der Kathedral zelebréiert gëtt. All dës Evenementer gi live op der Tëlee an um Internet iwwerdroen.

Cérémonies officielles du 3 octobre 2025

10.00 Auer

Ofdanksungszeremonie vum Grand-Duc Henri am Palais
 

11.00 Auer   

De Grand-Duc Guillaume leet säin Eed an der Chamber of
 

12.15 Auer

Déi Groussherzoglech Famill kënnt op de Balcon vum Palais
 

13.10 Auer

Begréissung an der Stater Gemeng
 

13.25 Auer

Déi nei Groussherzoglech Koppel begréisst de Public um Knuedler
 

13.50 Auer

Receptioun am Cercle Cité, offréiert vun der Regierung
 

19.00 Auer

Gala-Dinner am Palais

"Dem Grand-Duc seng feierlech Tournée" vum 4. Oktober 2025

De 4. Oktober ass den éischten Dag vum Grand-Duc Guillaume. Zu dëser Geleeënheet, éiert hien d'Awunner vum Grand-Duché - hire Räichtum, hir Diversitéit, hire Savoir-Faire, hir Leeschtungen, déi kulturell Zeen, sou wéi d'Associatioune vum Land.

Op dësem Dag wäert de Grand-Duc d'Lëtzebuerger Gesellschaft begéinen, eng Momentopnam déi duerch 5 Etappen erméiglecht gëtt. Déi éischt Etapp féiert op Gréiwemaacher, wou hie Fraen a Männer aus der Zivilgesellschaft begéint - Fräiwëlleger a Professioneller, déi sech fir d'Promotioun an dat positiivt Bild vum Sport an de klengen a grousse Sportler asetzen.

Zu Wooltz, op der zweeter Etapp, éiert hien d'Diversitéit an d'Zesummeliewen, am Kader vun engem conviviale Fest. Eng partizipativ Video-Installatioun wäert déi vill Nationalitéiten, déi an eisem Land liewen, an déi kulturell Generositéit duerch eng aussergewéinlech musikalesch Show beliichten.

Duerno geet et op Stengefort, wou de Grande-Duc d'Mënschlechkeet an d'Solidaritéit wäert éieren. Hei gesäit hien d'Gesondheetspersonal, sou wéi d'Patienten am Interkommunale Spidol. Duerch dës Renconter, sollen all déi Leit Merci gesot kréien, déi am Déngscht vun der Gesellschaft stinn, déi ouni Paus an och op Feierdeeg schaffen.

Ier hien an d'Haaptstad zeréckkënnt, mécht de Grand-Duc dann och nach eng Etapp am Süde vum Land. Zu Diddeleng ass hie bei engem grousse choreografesche Spektakel dobäi, deen d'Verännerunge vun der Gesellschaft duerch säi Land illustréiert, eng kulturell Kreatioun, déi op dem industrielle Patrimoine baséiert.

Déi grouss Finall vun dëser Tournée fänkt dann op der Rouder Bréck un, déi Bréck, déi e Symbol vun der Haaptstad an der Resilienz vun der lëtzebuergescher Gesellschaft ass. De Grand-Duc Guillaume an d'Grand-Duchesse Stéphanie wäerten, begleet vun engem dynameschen an orchestrale Spektakel, iwwer d'Bréck goen , ëmgi vu Vertrieder vun der Gesellschaft an engem faarwege Ballet vun Trammen.

Um Glacis ass dono eng Droneshow, déi speziell fir dësen Event entwéckelt gouf, zesumme mat engem eenzegaartege Concert, deen d'Talenter vun der villfälteger Lëtzebuerger Musekszeen ervirhieft.

Iwwert de ganzen Dag, lafe parallel dräi Volleksfester op den dräi Ecker vum Land: zu Wooltz, an der Stad Lëtzebuerg an zu Diddeleng. Dës Fester bidden e kulturellen a flotte Programm, deen d'Identitéit vun all Uertschaft erëmspigelt, donieft bidde si e public viewing vun der Tournée vum Grand-Duc, dee vu mëttes bis Mëtternuecht dauert.

Te Deum vum 5. Oktober 2025

Den Te Deum, dee vu Senger Eminenz dem Kardinol Jean-Claude Hollerich presidéiert gëtt, fänkt um 11 Auer an der Kathedral un

Déi visuell Identitéit vum Trounwiessel

De Logo, deen aus enger Kroun an dem Text "Trounwiessel" besteet, gouf speziell fir dës Feierlechkeete vun der Lëtzebuerger Agence "granduchy" an Zesummenaarbecht mat der Maison du Grand-Duc entworf. De Logo gëtt, am Kader vum Trounwiessel, op verschidde Supporte benotzt a gëtt, jee no Kontext, an ënnerschiddleche Versioune presentéiert.

La campagne « TROUNWIESSEL » est accompagnée d’une charte graphique simplifiée pour permettre à ceux qui le souhaitent de l’utiliser pour une activité en lien avec l’événement. Toute utilisation du logo est cependant sujette à autorisation préalable de la Maison du Grand-Duc.

3. Oktober 2025

4. Oktober 2025