Direkt op den Haaptinhalt

Ech gesi meng Funktioun als Staatschef als Symbol vun der Eenheet fir all déi, déi Lëtzebuerg als hiert Doheem ugesinn. Ech wëll eis Onofhängegkeet verdeedegen, eis Traditiounen héichhalen an déi Opportunitéiten notzen, déi wichteg fir eist Lëtzebuerg vu muer sinn.

Ech orientéiere mech u Wäerter wéi Integritéit, Matgefill an Déngschtbereetschaft. Ech engagéiere mech fir di sozial Kohäsioun ze stäerken, eis demokratesch Stabilitéit ze garantéieren an fir eng nohalteg, innovativ an dynamesch Wirtschaft z’ënnerstëtzen.

Zesumme mat alle Bierger vu Lëtzebuerg schloe mir eng Bréck an eng Zukunft, déi eiser Vergaangenheet Rechnung dréit an dobäi e liewegt an inklusiivt Lëtzebuerg als Zil huet.

De Grand-Duc

De Grand-Duc Guillaume, Prënz vu Lëtzebuerg, Prënz vun Nassau a vu Bourbon-Parma, gebuer den 11. November 1981, ass den eelste Jong vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa vu Lëtzebuerg. Seng Bridder a Schwëster sinn de Prënz Félix, de Prënz Louis, d’Prinzessin Alexandra an de Prënz Sébastien.

De Prënz Guillaume ass de 7. Oktober 2000 beim Trounwiessel vu sengem Papp offiziell zum Ierfgroussherzog ernannt ginn. Den 8. Oktober 2024 ass hien zum Lieutenant-Représentant vum Grand-Duc Henri ernannt ginn. Den 3. Oktober 2025 leet hien, nom Ofdanke vu sengem Papp, den Eed of a gëtt Grand-Duc vu Lëtzebuerg.

© Collection privée

Famill

© Cour grand-ducale / Christian Aschman

De 26. Abrëll 2012 ginn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse d'Verlobung vum Prënz Guillaume mat der Gräfin Stéphanie de Lannoy bekannt.

D'Hochzäit gëtt den 20. Oktober 2012 an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg gefeiert. D'Gräfin Stéphanie gëtt domadder Prinzessin an Ierfgroussherzogin vu Lëtzebuerg. Si gëtt den 3. Oktober 2025 beim Trounwiessel vun hirem Mann Grande-Duchesse.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

De Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie sinn Eltere vun zwee Jongen, dem Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume, gebuer den 10. Mee 2020, an dem Prënz François Henri Luis Marie Guillaume, gebuer de 27. Mäerz 2023. Déi zwee Jonge sinn an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg op d'Welt komm.

© Maison du Grand-Duc / Christian Aschman

Ausbildung

© Collection privée

De Prënz Guillaume ass zu Luerenzweiler an d'Primärschoul gaangen. Seng Studien huet hien am Lycée Robert Schuman zu Lëtzebuerg ugefaangen, éier hien duerno am Alter vu 16 Joer op den Institut Le Rosey souwéi op de Collège Alpin Beausoleil an der Schwäiz gaangen ass, wou hien 2001 säin Ofschlossdiplom krut. De Prënz Guillaume schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch a Spuenesch.

Trois générations à l’Académie royale militaire de Sandhurst

© Collections photographiques de la Maison grand-ducale / Christophe Olinger

Sou wéi et zanter Laangem Traditioun an der groussherzoglecher Famill ass, huet de Prënz Guillaume vu September 2001 bis August 2002 seng Ausbildung zum Offizéier op der Royal Military Academy Sandhurst RMAS (Kinneklech Militärakademie Sandhurst) mat Erfolleg absolvéiert.

Assermentatioun vum Prënz Guillaume

Den Ierfgroussherzog leet als Offizéier vun der Lëtzebuerger Arméi säin Eed op de Fändel of

© LUXPRESS / Jean-Claude Ernst

© LUXPRESS / Jean-Claude Ernst

De Prënz Guillaume gouf am Dezember 2002 als Offizéier vun der Lëtzebuerger Arméi vereedegt an dréit den Ament de Grad vum Colonel. Mat senger Assermentatioun als Staatschef am Joer 2025 kritt de Grand-Duc de Grad vum Generol a gëtt Kommandant vun der Arméi, ënnert der Responsabilitéit vun der Regierung, esou wéi et an der Verfassung virgesinn ass.

© Maison du Grand-Duc / Christian Aschman

No engem Studium vun internationaler Politik an England mécht hie weider Studien a Frankräich, wou hien 2009 eng duebel Lizenz mat Auszeechnung an de Fächer Literatur- a Politikwëssenschaften op der Universitéit Angers kritt.

Parallel zu sengen Universitéitsstudien huet de Prënz Guillaume sech duerch verschidde Coursë mat der wirtschaftlecher a politescher Welt vertraut gemaach. Hien huet an deem Kader och Stagë bei multinationalen Entreprisen, sou zum Beispill 2003 bei der Union chimique belge an 2004 bei der Deutsche Bank zu London gemaach. Am Joer 2005 gouf huethien an déi di verschidden Aktivitéite vun der spuenescher Néierloossung vum Grupp ArcelorMittal agefouertkenne geléiert. De Prënz Guillaume bereet sech als Trounfollger op seng spéider Roll vir. Sou hëlt de Prënz Guillaume 2005 mam Premierminister a mam Ausseminister un der Millenium Conference vun de Vereenten Natiounen zu New York deel, där hiert Zil d'Eliminatioun vun extreemer Aarmut an der Welt war.

Duerch en Openthalt bei der europäescher Kommissioun a bei der permanenter Vertriedung vu Lëtzebuerg zu Bréissel am Joer 2012, konnt de Prënz seng Kenntnisser iwwer de Fonctionnement vun der Europäescher Unioun, de Verhandlungsprozesser an den institutionellen Ofleef verdéiwen. Hien huet ënner anerem um Conseil des affaires étrangères an um Comité politique et de sécurité (COPS) deelgeholl.

Vun 2018 bis 2019 absolvéiert de Prënz Guillaume e Studiegang um Royal College of Defence Studies (RCDS) zu London, fir zousätzlecht Fachwëssen en vue vu sengen zukünftegen Aufgaben als Staatschef ze kréien an domadder beschtméiglechst op seng spéider Responsabilitéite virbereet ze sinn.

Säin Engagement am Ausland

Virum Trounwiessel war hien als Ierfgroussherzog wärend 24 Joer bei 70 Wirtschaftsmissiounen dobäi.

© Cyril Bailleul

Gläichzäiteg huet de Prënz Guillaume ugefaangen, senge Representatiounsflichten nozegoen.

Dobäi geet et zemools ëm d'Promotioun vu Lëtzebuerg am Ausland, awer och ëm d'Ënnerstëtzung vu Betriber a Wirtschaftsinitiativen hei am Land. Am Mäerz 2001 huet de Prënz Guillaume d'Éierepresidence vum Board of Economic Development vum Grand-Duché ugeholl, enger Agence fir Wirtschaftsfërderung an –entwécklung, déi haut Trade & Investment Board heescht. Zanter 2004 iwwerreecht hien d'Auszeechnung Luxembourg-American Business Award zu New York.

© LACC / Russ Rowland

© Maison du Grand-Duc

Am Alter vun 19 Joer presidéiert hie schonn seng éischt Wirtschaftsmissiounen, déi hien an d'Republik Korea, an Italien souwéi an Amerika gefouert hunn. Hie gëtt reegelméisseg agelueden, de Grand-Duché op wirtschaftlechen a finanzielle Prospektiounsmissiounen am Ausland ze vertrieden, déi hien a sëlleg Länner an Europa, Amerika, Asien an Afrika féieren.

Une femme présente des légumes locaux au Prince

© Otis Production / Edson Tomety

Och wann hien seng Presidence vum Trade and Investment Board ofgëtt, bleift d’Promotioun vun der lëtzebuergescher Wirtschaft him e wichtegt Uleies.

© Maison du Grand-Duc

© Barak Shrama Photography

© Barak Shrama Photography

© Hicham Oudghiri

Säin Engagement zu Lëtzebuerg

© Chambre de Commerce / Charly Petit

Och zu Lëtzebuerg ass de Prënz Guillaume a reegelméissegem Kontakt mat den ekonomeschen Acteuren. Hien hëlt dacks un ekonomeschen Evenementer deel a besicht vill Entreprisen oder auslännesch Gesellschaften, déi sech zu Lëtzebuerg niddergelooss hunn.

E rezente symbolesche Moment war 2024 d’Aweiung duerch de Prënz vun der éischter Editioun vu « NEXUS2050 », dem groussen Tech-Event zu Lëtzebuerg. D’Start-up-Ekonomie ass e Secteur, deen de Prënz mat vill Opmierksamkeet suivéiert.

Zanter lo scho 50 Joer gëtt déi feierlech Zeremonie vun der Iwwerreechung vum Meeschterbréif vun der Handwierkerkummer vun engem Member vun der groussherzoglecher Famill presidéiert. Eng Éier, déi dem Prënz Guillaume zanter 2004 zousteet. De Prënz ass donieft och zanter 2015 bei der Diplomiwwerreechung vun der Handelskummer dobäi.

© JR Photography

© JR Photography

© JR Photography

Representativ Aufgaben

Wärend 20 Joer, vu Juni 2005 bis Oktober 2024, war den Ierfgroussherzog Member vum Staatsrot, eng Funktioun, op déi hien am Kader vu senger Ernennung zum Lieutenant-Représentant am Oktober 2024 verzicht huet. Virdrun huet hie reegelméisseg un de Plenarsëtzungen an och un de Sëtzunge vu verschiddene Kommissiounen deel geholl, wat him erméiglecht huet, seng Kenntnisser iwwer déi institutionell a legislativ Ofleef am Land ze verdéiwen an sech op seng zukünfteg Roll als Staatschef virzebereeden.

© Maison du Grand-Duc

Säit senger Nominatioun zum Ierfgroussherzog huet de Prënz Guillaume déi groussherzoglech Koppel op sëlleg representativ an institutionell Aktivitéite begleet, wéi op d'Feierlechkeeten am Kader vum Nationalfeierdag, d'Neijooschaudienzen, déi den nationalen Autoritéiten accordéiert goufen, souwéi op vill Staats- an offizielle Visitten.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Cour grand-ducale / Sophie Margue

Am Ufank vu senger Lieutenance am Oktober 2024 huet den Ierfgroussherzog vu sengem Papp och d’Akkreditatiounszeremonien vun den Ambassadeuren iwwerholl, déi d’offiziell Unerkennung vun diplomatesche Vertrieder aus dem Ausland duerstellen.

De Prënz mécht sech fir d’Erënnerungskultur staark. Inspiréiert vun den Erzielunge vu sengem Grousspapp, dem Grand-Duc Jean, deen zesumme mat den alliéierten Truppen an der Normandie gelant war, interesséieren d’Gedenkfeieren zum Zweete Weltkrich hien ganz besonnesch.

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Aktivitéite vun der groussherzoglecher Koppel

Als ierfgroussherzoglech Koppel iwwerhuelen den zukünftege Grand-Duc Guillaume an déi zukünfteg Grande-Duchesse Stéphanie vill offiziell Aktivitéiten zesummen. Hir Engagementer als Koppel spigelen dacks hir gemeinsam Interessien erëm.

D'Fërderung vun der Lëtzebuerger Handwierkskonscht ass ee Beispill dofir. Zesumme mat senger Fra, der Grënnerin an Éierepresidentin vun der ASBL De Mains de Maîtres, setzen si sech fir d'Promotioun vum Lëtzebuerger Konschthandwierk an.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Nieft de wirtschaftlechen Aktivitéite bedeelegen de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse sech aktiv um kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg. Si gi reegelméisseg op Concerten, Salonen a bei Kënschtlerkreesser oder besichen Ausstellungen a verschiddene Lëtzebuerger Muséeën a bei Acteure vun der lëtzebuergescher Kulturzeen.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc

© Adrien LGM

© Maison du Grand-Duc

© Maison du Grand-Duc

Engagement am Scoutismus

© Maison du Grand-Duc

Vu sengem Grousspapp a Papp ass de Prënz Guillaume encouragéiert ginn d'Natur ze entdecken an ze protégéieren. Hien ass zanter senger Kandheet Member vun de Scouten.

Am Summer 1997 huet hien als jonke Scout mat vill Begeeschterung un engem humanitäre Camp am Nepal deelgeholl, vun deem him onvergiesslech Erënnerunge bleiwen. Hien huet do un engem Opforstungsprojet souwéi un aneren Aktiounen zu Gonschte vun den am meeschte benodeelegte Communautéite matgeschafft.

© Cour grand-ducale / Marion Dessard

Zu Lëtzebuerg huet de Prënz Guillaume mat Houfert den Titel vum Chef-Scout nom Doud vum Grand-Duc Jean, deen dësen Titel zanter 1945 gedroen huet, iwwerholl an huet säi Verspriechen am Oktober 2019 viru bal 3.000 Scouten am Stater Park ofgeluecht, en Engagement, dat hien och als Grand-Duc bäibehält.

Le Prince Guillaume passe un message auprès des stations du pays

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc

Le Prince Héritier joue avec des jeunes Scouts

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Och um internationale Plang engagéiert sech den zukünftege Grand-Duc Guillaume fir de weltwäite Scoutismus.

2017 ass hien an de Verwaltungsrot vun der World Scout Foundation (WSF) agetrueden a war vu September 2021 bis Oktober 2023 President vun der Fondatioun. Mat senger Assermentatioun als Grand-Duc huet de Prënz Guillaume säi Mandat am Verwaltungsrot vun der WSF ofginn, fir d’Joer drop d’Funktioun vum Éierepresident vun der Fondatioun vum Kinnek vu Schweden, Carl Gustaf, z'iwwerhuelen.

The Grand Duke with his son and the Swedish Royal Couple

© Maison du Grand-Duc

Am Mäerz 2024 huet d’World Organization of the Scout Movement (WOSM) dem Ierfgroussherzog Guillaume de Bronzene Wollef zougesprach, déi héchst Auszeechnung am Scoutismus, fir säin aussergewéinlecht Engagement zu Gonschte vun der Beweegung zu Lëtzebuerg an am Ausland. Déi prestigiéis Auszeechnung, déi 1935 geschaf ginn ass, ass bis haut un net emol 400 Persoune vergi ginn.

© Maison du Grand-Duc

Engagement fir d’Fondatioun Kräizbierg

No méi wéi 10 Joer (2000-2011) als President vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg, déi sech fir Mënsche mat Behënnerung asëtzt, krut den Ierfgroussherzog am Mäerz 2011 den Titel vum Éierepresident. De Grand-Duc bléift dëser Stëftung enk verbonnen a schätzt ënner anerem hiert Konzept vun der sozialer a berufflecher Integratioun.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Interessien

De Prënz Guillaume ass intresséiert u Politik, Wirtschaft, Philosophie a Geschicht, an hie liest am léifsten Autobiografien, philosophesch Analyse souwéi och historesch Romaner.

De Prënz Guillaume beim Waasserschi

De Prënz Guillaume beim Waasserschi

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

De Prënz Guillaume ass frou mat souwuel klassescher wéi moderner Musek. Hien ass passionéierte Gittarspiller. Als Kand war hie Member vum Pueri Cantores Chouer vu Lëtzebuerg.

De Prënz Guillaume begeeschtert sech fir Sport am Allgemengen, virun allem awer fir Tennis, Schifueren, Schwammen a Waassersport.

Vum Groussherzog Jean huet de Prënz Guillaume d'Léift zur Natur geierft, an där hie gären Zäit verbréngt. Ëmmer erëm hunn hien d'Erzielunge vu sengem Grousspapp an de Bësch ronderëm d'Fëschbecher Schlass gefouert. Déi groussherzoglech Koppel huet sech zum Zil gesat, hirem Jong, dem Prënz Charles, dës Léift fir d'Natur weiderzeginn.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Fotoe vum Grand-Duc

Chreschtdag am Schlass zu Fëschbech

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Portrait des Erbgroßherzogs

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

D’Grande-Duchesse an de Prënz Guillaume 1982 zu Cabasson

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Bretzelsonnden am Schlass zu Fëschbech

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Bretzelsonnden am Schlass zu Fëschbech

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Bretzelsonnden am Schlass zu Fëschbech

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Bretzelsonnden am Schlass zu Fëschbech

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Den Ierfgroussherzog an de Prënz Charles

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Visitt vun der Fondation Kräizbierg

© Cour grand-ducale / Sophie Margue

PrënzGuillaume - Bluttspend

© Cour grand-ducale / Sophie Margue

Visitt vun der Primärschoul vun Angelsbierg

© Cour grand-ducale / Sophie Margue

Visitt vun der Association "Stëmm vun der Strooss"

© Cour grand-ducale / Marion Dessard

Visitt vun der Association "Stëmm vun der Strooss"

© Cour grand-ducale / Marion Dessard

De Grand-Duc an den Ierfgroussherzog virum restauréierten Kenotaph vum Adolf vun Nassau

© Klaus Landry

Verwaltungsrot vun „Scouting in Luxembourg“

© Cour grand-ducale / Kary Barthelmey

45. Gebuertsdag vun der Asbl SOS Villages d’Enfants Monde am Oktober 2019

© Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

"Luxembourg American Business Award" am Joer 2018

© Russ Rowland

Vereedegung vum Chefscout

© Cour grand-ducale / Marion Dessard

De Prënz Guillaume mat jonke Scouten

© Cour grand-ducale / Marion Dessard

Nationalfeierdag 2017 zu Esch/Uelzecht

© SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Exposition "De Mains De Maîtres"

© 2015 Cour grand-ducale / Charles Caratini

Inauguration du Centre de Jeunesse Marienthal

© Luc Deflorenne

70. Editioun vun de Filmfestspiller zu Cannes

© Cour grand-ducale / David Nivière

Nationalfeierdag 2014 zu Esch/Uelzecht

© 2014 SIP / Nicolas Bouvy

Gedenkfeier zum Enn vum Zweete Weltkrich zu Paräis

© 2015 Cour grand-ducale / David Nivière

Nationalfeierdag 2013 – Te Deum

© 2013 SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Ofschloss vun der Oktav am Joer 2013

© Manuel Dias

Prënzenhochzäit am Joer 2012

© SIP / Nicolas Bouvy

D’Grande-Duchesse an de jonke Prënz Guillaume 1987 op de Galapagosinselen

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Familljefoto an der Vakanz

© Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Aktivitéite vum Grand-Duc