De Staatschef
Déi konstitutionell Monarchie
Am Artikel 1 vun der Verfassung gëtt deklaréiert, datt de Grand-Duché en "demokrateschen, fräien, onofhängegen an ondeelbare Staat" ass. Lëtzebuerg ass deemno eng representativ Demokratie a Form vun enger konstitutioneller Monarchie.
De Grand-Duc Jean ënnerschreift de groussherzoglechen Ofdankungs-Arrêté
Déi konstitutionell Monarchie ass e politesche Regimm, deen en ierfleche Monarch als Staatschef unerkennt. Dëse System vu Muechtnofolleg leet fest, dass d'Kroun vum Grand-Duché vun engem Member vun der Famill Nassau op en anere Member vun der selwechter Famill iwwergeet.
Op dëser Säit fannt Dir weider Informatiounen iwwer d'Reiefolleg an der Trounfolleg am Fall vum Doud oder der Ofdankung vum Grand-Duc, d'Regence bei enger zäitweiser Onfäegkeet vum Grand-Duc an d'Lieutenance, déi et dem Grand-Duc erlaabt, verschidde Pouvoiren u säi "Lieutenant-Représentant" ze delegéieren.
Vereedegungszeremonie vum Grand-Duc Henri
Ierffolleg
Laut Artikel 3 vun der Verfassung ass d'Kroun vum Grand-Duché an der Famill Nassau ierflech, sou wéi de Pakt vum 30. Juni 1783, den Artikel 71 vum Wiener Traité vum 9. Juni 1815 an den Artikel 1 vum Traité vu London vum 11. Mee 1867 et virgesäit.
De Wiener Kongress huet de Grand-Duché am Joer 1815 un de Kinnek vun Holland, Guillaume I., Prënz vun Oranien-Nassau, iwwerschriwwen, fir dass en op Dauer am Besëtz vun him a sengen Nofollger konnt sinn. De Schlussakt vum Kongress iwwerdréit domadder d'Reegele vun der Trounfolleg, sou wéi se am Pakt vu 1783 tëscht den zwou Branchë vum Haus Nassau festgeluecht waren, op de Grand-Duché vu Lëtzebuerg.
Am éischte Kapitel vum Familljepakt vu 1783 ass de Besëtz vum Haus Nassau beschriwwen, dat zweet Kapitel beschäftegt sech mat der Ierffolleg. Zu där Zäit gouf d'Kroun no saleschem Recht an der direkter Linn un den Éischtgebuerene männlecher Ofstamung, ënner Ausschloss vun de weibleche Kanner, viruginn. Huet e männlechen Nokommen an direkter an a kollateraler Linn bei enger Branche vum Haus Nassau gefeelt, goung d'Kroun dem Recht no op déi männlech Nokomme vun der anerer Branche iwwer. Wann et keng männlech Nokommen an direkter an a kollateraler Linn goufen, ass d'Kroun un den éischtgebuerene weiblechen Nokomme vun der herrschender Dynastie iwwergaangen.
Mam Traité vu London vun 1867 gouf de Status vum Land nei definéiert. Den Napoleon III. hat probéiert, Lëtzebuerg ze iwwerhuelen, ass awer um Refus vum däitsche Kanzler Otto von Bismarck gescheitert. Dëse wollt net, dass e fréiere Member vun der Däitscher Confederatioun ënner franséisch Herrschaft géif falen. D'Stad Lëtzebuerg war nach ëmmer vun der preussescher Bundesgarnison besat. No der "Lëtzebuerg-Kris" gouf zu London eng international Konferenz organiséiert, fir e preussesch-franséische Krich ze verhënneren. D'Preussen hu sech bereeterkläert, hir Garnisoun aus der Festung Lëtzebuerg ofzezéien. De Grand-Duché gouf als permanent neutral erkläert. Den Artikel 1 vum Traité hält d'Verbindung tëscht dem Grand-Duché an dem Haus Oranien-Nassau oprecht a bestätegt d'Rechter vun den Agnaten ("Blutsverwandten") vum Haus Nassau iwwer de Grand-Duché.
D'Reiefolleg vun der Ierffolleg, wéi se am Familljepakt virgesinn ass, gouf duerno zweemol geännert.
1906 huet de Grand-Duc Guillaume IV. gespuert, dass säi Gesondheetszoustand sech géif verschlechteren an dass d'Fro vun der Nofolleg sech géif stellen, well aus sengem Bestietnes mat der Marie Anne vu Bragança sechs Meedercher ervirgoungen. Hien huet dofir de Familljestatut iwwerschafft, fir senge Meedercher d'Trounfolleg ze sécheren. Domadder gräift hien den Artikel 42 vum Familljepakt op, dee seet, dass nom Ausstierwe vun alle männleche Membere vum Haus Nassau d'Ierffolleg a weiblecher Linn gëllt. De Statut vun 1907 leet och fest, dass méi jonk Prinzessinnen zur Ierffolleg beruff ginn, wann et keng männlech Nokomme vun der Grande-Duchesse Marie-Adelaïde gëtt. D'Prinzessin Marie-Adélaïde gouf zur Trounfollgerin erkläert. Dëse Status gouf der Chamber virgeluecht, déi en den 10. Juli 1907 als Gesetz adoptéiert huet.
Den 20. Juni 2011 huet de Maréchal de la Cour op Uerder vum Grand-Duc Henri eng nei intern Reegelung vum Haus Lëtzebuerg-Nassau verkënnegt, déi dat absolut Éischtgebuerenerecht aféiert an domat d'Gläichstellung vu Männer a Frae bei der Trounfolleg garantéiert. Dës nei Ierffolleg trëtt déi éischte Kéier fir d'Nokomme vum Grand-Duc Henri a Kraaft.
Aktuell ass d'Trounfolleg duerch den Ierfgroussherzog Guillaume geséchert. Säi Fils, de Prënz Charles, ass zweeten an der Trounfolleg.
Regence
D'Roll vum Regent ass et, d'Positioun vum Grand-Duc anzehuelen a seng Aufgabe stellvertriedend ze iwwerhuelen, wann de Grand-Duc net fäeg ass, se auszeféieren.
D'Konditiounen an d'Reegele fir eng Regence sinn an der Verfassung vum Grand-Duché festgeluecht:
- D'Regence gëtt vum iwwerliewenden Elterendeel vum mannerjärege Grand-Duc iwwerholl. "Wa beim Doud vum Grand-Duc säin Nofollger mannerjäreg ass, gëtt d'Regence entspriechend dem Familljepakt ausgefouert" (Artikel 6 vun der Verfassung).
- "Ass de Grand-Duc net fäeg ze regéieren, gëtt d'Regence wéi am Fall vun enger Mannerjäregkeet ausgefouert" (Artikel 7, Punkt 1 vun der Verfassung).
- "Am Fall wou den Troun onbesat ass, reegelt d'Chamber provisoresch d'Regence. Eng nei Chamber, déi bannent 30 Deeg an duebeler Zuel aberuff gëtt, besetzt den Troun definitiv" (Artikel 7, Punkt 2 vun der Verfassung)
- Um Ufank vu sengem Amt leet de Regent dësen Eed of: "Ech schwieren dem Grand-Duc Trei. Ech schwieren, d'Verfassung an d'Gesetzer vum Land ze respektéieren" (Artikel 8) ("Je jure fidélité au Grand-Duc. Je jure d'observer la Constitution et les lois du pays").
De Regent trëtt säin Amt eréischt mam Ofleeë vum Eed un. Hien huet all d'Virrechter vum Staatschef, deem seng Plaz hien ad interim anhëlt. Den Artikel 115 vun der Verfassung leet awer fest, dass wärend der Regence keng Ännerungen un der Verfassung däerfe gemaach ginn.
Den Herzog Adolphe vun Nassau gëtt als Herzog-Regent vereedegt
Bis elo gouf et am Grand-Duché zwee Regenten:
- Déi zwou éischt Regencë goufe vum Herzog Adolphe vun Nassau, dem spéidere Grand-Duc vu Lëtzebuerg, um Enn vun der Herrschaft vum Guillaume III. assuréiert, an zwar vum 8. Abrëll 1889 (Vereedegung den 11. Abrëll 1889) bis den 3. Mee 1889 a vum 4. November 1890 (Vereedegung de 6. November 1890) bis den 23. November 1890, nom Doud vum Guillaume III.
- Zwou Regencë goufe vun der Grande-Duchesse Marie-Anne, der Fra vum Grand-Duc Guillaume IV. iwwerholl. Déi éischt huet wärend der Krankheet vum Grand-Duc Guillaume IV. ugefaangen, wéi hien den 13. November 1908 seng Fra zur Regentin ernannt huet (Vereedegung den 19. November 1908). Si huet bis de 25. Februar 1912 gedauert, nom Doud vum Guillaume IV. Hir zweet Regence huet vum 25. Februar 1912 bis de 14. Juni 1912 gedauert, wärend der Mannerjäregkeet vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde.
Den Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg beim Virdroe vu senger Ried bei der offizieller Vereedegung als Lieutenant-Représentant vu senger Mamm, der Grande-Duchesse Charlotte
Lieutenance
De Grand-Duc ka sech vun engem bluttsverwandte Prënz oder enger Prinzessin vertriede loossen, deen/déi den Titel vum Lieutenant-Représentant vum Grand-Duc krut an am Grand-Duché wunne muss. De Lieutenant-Représentant leescht den Eed op d'Verfassung, éier hie/si seng/hir Aufgaben iwwerhuelen däerf (Artikel 42).
De Grand-Duc delegéiert deemno seng Pouvoiren, an dës Representatioun kann entweeder zäitweileg oder permanent sinn. De Grand-Duc kann dem Mandat Aschränkungen operleeën, wann hien dat fir noutwenneg hält. D'Pouvoire vum Lieutenant-Représentant ginn duerch dëst Mandat begrenzt an d'Decisiounen, déi hien an dëser Funktioun hëlt, hunn déi selwecht Wierkung, wéi wa se vum Grand-Duc selwer kéimen.
D'Vereedegung vum Ierfgroussherzog Henri vu Lëtzebuerg als "Lieutenant-Représentant" vum Grand-Duc Jean
An der Geschicht vum Grand-Duché goufen et bis elo 5 Lieutenancen:
- Déi éischt Lieutenance gouf vum Prënz Henri vun Holland iwwerholl, dee vu sengem Brudder, dem Roi-Grand-Duc Guillaume III., de 5. Februar 1850 ernannt an de 24. Oktober 1850 vereedegt gi war. Si huet bal 30 Joer, bis zum Doud den 13. Januar 1879 vum Prënz Henri, gedauert.
- Déi zweet Lieutenance war déi vum Prënz Guillaume vun Nassau, dem spéidere Grand-Duc Guillaume IV. Säi Papp, de Grand-Duc Adolphe, deemools 85 Joer al, hat him de 4. Abrëll 1902 d'Rechter vum Lieutenant-Représentant uvertraut (Vereedegung de 14. Abrëll 1902). Si huet opgehalen, wéi de Guillaume IV., nom Doud vum Grand-Duc Adolphe, de 17. November 1905 op den Troun koum.
- Déi drëtt Lieutenance gouf den 19. Mäerz 1908 verkënnegt (Vereedegung den 2. Abrëll 1908). De Grand-Duc Guillaume IV. huet wéinst sengem Gesondheetszoustand seng Fra, d'Grande-Duchesse Marie Anne zur Lieutenant-Représentante ernannt. Dëst Amt huet den 13. November 1908 opgehalen, wéi si d'Regence iwwerholl huet.
- De véierte Lieutenant-Représentant war den Ierfgroussherzog Jean, deen den 28. Abrëll 1961 zum Lieutenant-Représentant vun der Grande-Duchesse Charlotte ernannt gouf (Vereedegung de 4. Mee 1961). Dat Amt huet hie bis den 12. November 1964 ausgefouert, wou d'Grande-Duchesse Charlotte zu senge Gonschten ofgedankt huet.
- Déi fënneft Lieutenance war déi vum Ierfgroussherzog Henri, deen den 3. Mäerz 1998 vu sengem Papp, dem Grand-Duc Jean, ernannt ginn ass (Vereedegung de 4. Mäerz 1998). Si huet opgehale mat der Ofdankung vum Grand-Duc Jean zu Gonschte vu sengem Fils, de 7. Oktober 2000.
Fannt hei weider Informatiounen:
Méi Informatiounen iwwer de Staatschef
Liest iwwer de Staatschef an d'Roll vum Grand-Duc, Nationalfeierdag a villes méi