De Staatschef
Visitte vu Staats- a Regierungscheffen
Et gi verschidden Zorte vu Visitten: Staatsvisitten, offiziell Visitten, Aarbechtsvisitten a privat Visitten. Zousätzlech gëtt ënnerscheet tëscht Visites entrantes, wann d’Visitten zu Lëtzebuerg stattfannen, respektiv Visites sortantes, wann de Grand-Duc vun engem anere Staatschef op eng Visitt invitéiert gëtt. Dës Visitte kënne verschidde Formen hunn.
De Kinnek an d’Kinnigin vun Holland op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg
Staatsvisitte sinn den Héichpunkt vun de Bezéiungen tëscht zwee Länner; en Treffen, dat der diplomatescher, wirtschaftlecher a kultureller Entwécklung zeguttkënnt, a si daueren an der Reegel zwee oder dräi Deeg. Offiziell Visitten oder Aarbechtsvisitte sinn normalerweis méi kuerz a manner formell wéi Staatsvisitten. De Programm, de Protokoll an déi praktesch Detailer hänke vum Format vun der Visitt of.
Staatsvisitten zu Lëtzebuerg ginn op d’mannst sechs Méint am Viraus geplangt.
De Gala-Dîner zu Éiere vum Kinnek an der Kinnigin vun der Belsch gouf vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse offréiert
Staatsvisitt vum belsche Kinnek an der Kinnigin zu Lëtzebuerg
D'Visitte fänken normalerweis um Lëtzebuerger Flughafen un, wou de Staatschef vu Regierungsvertrieder begréisst gëtt, an halen och do op. Den éischten offizielle Programmpunkt ass traditionell d’Begréissungszeremonie virum Palais, wou den auslännesche Staatschef vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse empfaange gëtt. Duerno stinn am Palais den Austausch vu Kaddoen an e privat Mëttegiessen (wann d’Staatsvisitt am Virmëtteg ufänkt), wat vum Grand-Duc offréiert gëtt, um Programm. Den invitéierte Staatschef empfänkt dann de President vun der Chamber, de Premierminister an den Ausseminister an Audienz, éier hien oder si un der Zeremonie virum Denkmal vun der nationaler Solidaritéit deelhëlt, wou hien oder si e Kranz néierleet. Zesumme mam Grand-Duc an der Grande-Duchesse ass den invitéierte Staatschef bei engem Festakt an der Stater Gemeng present. Den éischten Dag gëtt dann owes mat engem Staatsbanquet am Palais ofgeschloss.
Staatsvisitt vum Bundespresident vun der Bundesrepublik Däitschland zu Lëtzebuerg
De Programm vum/vun den nächsten Dag/Deeg gëtt vu béide Länner zesumme festgeluecht. Do kënne Visitten op Plazen dobäi sinn, déi déi kulturell, regional a wirtschaftlech Villfalt vum Land illustréieren. Den zweeten Owend gëtt an der Reegel en Evenement vum Gaaschtland proposéiert, wéi e Concert, eng Ausstellung oder eng Receptioun. Um leschten Dag (dacks den drëtten Dag vun der Visitt) ass normalerweis d’Ofschlosszeremonie virum Palais, éier de Staatschef vum Gaaschtland ofreest.
De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse goufen am Palais vum Élysee vum franséische Staatspresident Emmanuel Macron a senger Fra Brigitte Macron empfaangen.
Wann de Grand-Duc am Kader vun enger Staatsvisitt an en anert Land reest, gëtt hie vu Ministeren an enger Wirtschaftsdelegatioun begleet. Wéi bei de Visitten, déi zu Lëtzebuerg stattfannen, gëtt och hei de Programm am géigesäitegen Averständnes tëscht den zwee Länner festgeluecht.
Staats- an offiziell Visitte vum Staatschef zanterdeem hien um Troun ass
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2024
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2023
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2022
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2019
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2018
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2017
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2016
Staatsvisitt vum President vu Rumänien, Klaus Iohannis, a senger Fra, Carmen Iohannis, zu Lëtzebuerg - 6. - 7. Juni 2016
Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Republik Finnland - 10. - 12. Mee 2016
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2015
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2014
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2013
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2012
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2011
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2010
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2009
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2008
Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse am Kinnekräich Schweden - 15. - 17. Abrëll 2008
Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Republik Sénégal - 3. - 6. November 2008
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2007
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2006
Staatsvisitt vum President vun der tscheschescher Republik Vaclav Klaus an der Madame Livia Klausova zu Lëtzebuerg - 8. - 9. Mäerz 2006
Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse am Vatikan - 8. Mee 2006
Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Republik China - 4. - 9. September 2006
Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse am Kinnekräich Holland - 24. - 26. Abrëll 2006
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2005
Offiziell Visitt vum däitsche Bundespresident Horst Köhler an der Madame zu Lëtzebuerg- 26. - 27. Juni 2005
Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Republik Slowakei - 7. - 9. September 2005
Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Republik Bulgarien - 11. - 13. Oktober 2005
Staatsvisitt vum President vun der Republik vum Mali Amadou Toumani an der Madame Touré Lobo Traoré zu Lëtzebuerg - 9. - 11. November 2005
Mission économique vum Grand-Duc an de Vereenegten Arabeschen Emiraten a Jordanien - 19. - 24. November 2005
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2004
Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse a Rumänien - 29. - 31. Mäerz 2004
Staatsvisitt vum President vun der portugisescher Republik Jorge Sampaio an der Madame Maria José Ritta zu Lëtzebuerg - 27. - 30. September 2004
Offiziell Gedenk-Visitt vum Grand-Duc an den U.S.A. - 13. - 15. September 2004
Visitt vum Kinnek Abdallah II vu Jordanien zu Lëtzebuerg - 24. - 25. November 2004
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2003
Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Republik vun Nicaragua - 3. - 5 Februar 2003
Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der italieenescher Republik an am Vatikan - 25. - 27. Mäerz 2003
Staatsvisitt vum President vun der Republik vun Estland, Arnold Rüütel an der Mme Ingrid Rüütel zu Lëtzebuerg - 5. - 7. Mee 2003
Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse am Kinnekräich Dänemark - 20. - 22. Oktober 2003
Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Republik vun El Salvador - 4. - 7. November 2003
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2002
Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der tscheschescher Republiken République tchèque du 8 au 10 octobre 2002
Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Schwäiz - 25. - 26. Abrëll 2002
Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an Irland 4. - 6. Mäerz 2002
Staatsvisitt vum slowakesche President Rudolf Schuster an der Madame Schusterova zu Lëtzebuerg 12. - 14. November 2002
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2001
Offiziell Visitt vum bulgaresche President Petar Stoyanov an der Madame Antonia Stoyanova zu Lëtzebuerg - 7 - 8 Mäerz 2001
Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse am Kinnekräich Spuenien - 7. - 9. Mee 2001
Staatsvisitt vum griichesche President Constantinos Stephanopoulos zu Lëtzebuerg - 10. - 12. Juli 2001
Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Republik Slowenien - 1. - 3. Oktober 2001
Staats- an offiziell Visitten am Joer 2000
Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse a Frankräich - 9. - 10. Oktober 2000
Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Bundesrepublik Däitschland - 11. - 12. Oktober 2000