D'groussherzoglech Famill

D'Ierfgroussherzogin

Gebuer

18. Februar 1984

zu Renaix an der Belsch

S.A.R. la Princesse Stéphanie
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Presentatioun

D'Gräfin Stéphanie de Lannoy ass déi Jéngst vun den 8 Kanner vum Grof de Lannoy († 10.01.2019) an der Gräfin de Lannoy, gebueren Alix della Faille de Leverghem († 26.08.2012). Si ass mat hire siwe Bridder a Schwësteren um Familljesëtz zu Anvaing an der belscher Provënz Hainaut opgewuess.

La Princesse Stéphanie à 1 an
© Privatkollektioun

Den 20. Oktober 2012, bestit d'Gräfin Stéphanie de Lannoy sech an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg mam Ierfgroussherzog Guillaume a gëtt domadder Ierfgroussherzogin vu Lëtzebuerg.

Mariage du Couple héritier - Balcon du Palais grand-ducal
© 2012 SIP / Zineb Ruppert

Déi ierfgroussherzoglech Koppel um Balcon vum Palais

D'Ierfgroussherzogin an den Ierfgroussherzog sinn Eltere vun zwee Jongen, dem Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume gebuer den 10. Mee 2020, an dem Prënz François Henri Luis Marie Guillaume, gebuer de 27. Mäerz 2023. Déi zwee Jonge sinn an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg op d'Welt komm.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Bamplanzung zu Éiere vum Prënz Charles © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

September 2020: Bamplanzung zu Éiere vum Prënz Charles

Déi ierfgroussherzoglech Koppel an de Prënz Charles bei der Daf vun der Rous "Prince Charles de Luxembourg" am Schlass zu Mënsbech © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Déi ierfgroussherzoglech Koppel an de Prënz Charles bei der Daf vun der Rous "Prince Charles de Luxembourg" am Schlass zu Mënsbech

Déi ierfgroussherzoglech Koppel an de Prënz Charles bei der Daf vun der Rous "Prince Charles de Luxembourg" am Schlass zu Mënsbech © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Déi ierfgroussherzoglech Koppel an de Prënz Charles bei der Daf vun der Rous "Prince Charles de Luxembourg" am Schlass zu Mënsbech

 

Ausbildung

D'Ierfgroussherzogin huet hir Primärschoul an der École Sancta Maria zu Renaix an der Belsch gemaach. Hir Sekundarstudien huet si am Collège Sainte-Odile am Norde vu Frankräich ugefaangen, éier si an den Institut de la Vierge Fidèle zu Bréissel gaangen ass, wou si 2002 hiren Ofschlossdiplom krut. Am Alter vun 18 Joer geet si ee Joer op Moskau, wou si Sproochecoursen hëlt a russesch Literaturwëssenschaft studéiert. Si verdéift an dëser Zäit och hiert Spill op der Gei. Ausser hirer Mammesprooch, Franséisch, schwätzt d’Ierfgroussherzogin fléissend Lëtzebuergesch, Däitsch an Englesch.

La Princesse Stéphanie en 1991
© Privatkollektioun

1991: Déi jonk Prinzessin Stéphanie

D'Prinzessin Stéphanie huet hiert Germanistikstudium op der Universitéit vu Louvain mat "grande distinction" ofgeschloss. Duerno goung si op d'Humboldt-Universitéit zu Berlin, wou si sech an hirer Diplomaarbecht mam Afloss vun der däitscher Romantik op déi russesch Romantik, um Beispill vum E.T.A. Hoffmann a Puschkin, befaasst huet. Si bleift zu Berlin a mécht e Praktikum bei der wallounescher Investitiouns- an Exportfërderungsagentur a schafft duerno fir eng Investmentgesellschaft.

Vun 2018 bis 2019 ass déi ierfgroussherzoglech Koppel zu London, wou d’Ierfgroussherzogin un enger Formatioun an der Konschtgeschicht am Sotheby's Institute deelhëlt.

Offiziell Aktivitéiten a Verflichtungen

D'Ierfgroussherzogin mécht déi meescht vun hiren Aktivitéiten zesumme mam Ierfgroussherzog, wat déi grouss Komplizitéit tëscht der Koppel erëmspigelt. Mat Natierlechkeet a Spontaneitéit hëlt d'Prinzessin Stéphanie un offiziellen Aktivitéite wéi dem Nationalfeierdag, de Neijoerschwënsch oder Staatsvisitten deel.

Le Prince et la Princesse en mission économique au Royaume du Maroc
© SIP / Jean-Christophe Verhaegen

September 2019: D'ierfgroussherzoglech Koppel bei enger Wirtschaftsmissioun a Marokko

Bei ville Wirtschaftsmissiounen, mam Ierfgroussherzog un der Spëtzt a geleet duerch de Wirtschaftsministère, sief et an Afrika, Asien, Amerika oder Europa, ass d'Ierfgroussherzogin un der Säit vun hirem Mann.

Si ënnerstëtzt den Ierfgoussherzog bei sengen Aktivitéiten a begleet hien op Gedenkfeieren, Firmejubiläen oder Visitten am Kader vum Ierfgroussherzog sengen Haut-Patronagen.

Zanter hirer Hochzäit ass d'Ierfgroussherzogin ee vun de véier Administrateure vun der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse.

Journée commémorative de la fin de la Seconde Guerre Mondiale - Paris
© 2015 Cour grand-ducale / David Nivière

Mee 2015: Gedenkdag fir d'Enn vum Zweete Weltkrich zu Paräis

D'Prinzessin Stéphanie huet der Associatioun Blëtz a.s.b.l. hiren Haut-Patronage accordéiert. Dës Lëtzebuerger Associatioun steet Betraffene vun engem Hiereschlag zur Säit. Fir d'Ierfgroussherzogin huet dësen Haut-Patronage eng besonnesch Bedeitung, zemol hir Elteren alle béid betraff waren. Si ënnerstëtzt d'Aktivitéite vun der Organisatioun am Kader vun der Journée mondiale de l'AVC (accident vasculaire cérébral) an informéiert sech permanent iwwert d'Konditiounen a Méiglechkeete vun Traitementer op dësem Gebitt, och iwwert d'Participatioun, ënnert anerem, un der Conférence ergothérpapie face à l'AVC am Joer 2018. D'Prinzessin Stéphanie engagéiert sech awer och an de Reflexiounen iwwert den drëtten Alter an d'Vereinsamung an eiser Gesellschaft.

D'Ierfgroussherzogin ass um technologesche Fortschrëtt intresséiert an huet dofir och am Joer 2014 den Haut-Patronage vum Scienteens Lab iwwerholl, dee vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) gegrënnt gouf. Dëst ass den éischte Laboratoire, dee Lycéesschüler am Kader vun hire Studie fuersche léisst, mam Zil, den Intressi fir d'Wëssenschaft ze fërderen.

Visite du "Scienteens Lab" du Luxembourg Centre for Systems Biomedicine
© Michel Brumat / Université du Luxembourg

Visitt vum "Scienteens Lab" vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB)

D'Ierfgroussherzogin informéiert sech ausserdeem iwwer biologesch Landwirtschaft, wou si sech besonnesch fir d'Verbesserunge vun de Produktiounssystemer, fir d'Ëmweltbelaaschtung erofzesetzen, intresséiert. Sou mécht si, zesumme mam Prënz Guilllaume, reegelméisseg Visitte bei lokale Biobaueren oder hëlt un akadeemesche Sëtzungen zum Theema deel.

Princesse Stéphanie à la présentation du projet LeguTec
© SIP / Charles Caratini

D'Ierfgroussherzogin bei der Presentatioun vum Projet LeguTec

Hiert Engagement fir d'Konscht

D'Ierfgroussherzogin ass faszinéiert vun der Konscht an dem Handwierk. Wéi si op Lëtzebuerg koum, huet si en aussergewéinlecht handwierklecht Kënnen erlieft, wat awer dacks vun der Ëffentlechkeet wéineg unerkannt gëtt. Dofir huet si decidéiert, sech dofir anzesetzen, datt d'Konscht an d'Handwierk opgewäert a gefërdert ginn. D'Prinzessin sicht reegelméisseg den Austausch mat Artisten. Si setzt sech och fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Konscht op der nationaler an internationaler Bün an.

Visite du Cercle Artistique de Luxembourg en 2017
© Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

2017: Visitt vum Cercle Artistique vu Lëtzebuerg

Si mécht sech fir sämtlech Beräicher vun der Konscht staark, sief et klassesch oder zäitgenëssesch Konscht, Molen, Konschthandwierk oder Fotografie. Dowéinst huet si am Joer 2013 och den Haut-Patronage iwwer d'Associatioun "Les Amis des Musées d'art et d'histoire du Luxembourg" iwwerholl, wou si reegelméisseg un de "Midis de l'Art" deelhëlt, déi d'Associatioun organiséiert.

2016 huet si d'Presidence vum Verwaltungsrot vun der Fondation Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean (MUDAM) ugeholl. Am Joer 2021, nodeem hiert Mandat ausgelaf ass, gëtt si Éierepresidentin, fir och an Zukunft enk mam MUDAM verbonnen ze bleiwen.

vernissage des expositions Su-Mei Tse
© Mudam / Marion Dessard

D'Ierfgroussherzogin hält eng Usprooch um Vernissage vun den Ausstellungen Su-Mei Tse - Nested et Flatland / Abstraction narratives #2

Aus Suerg vum Verloscht vum handwierkleche Wëssen an dem Réckgang vum Intressi um Handwierk an Europa an zu Lëtzebuerg, huet d'ierfgroussherzoglech Koppel am Joer 2016 eng Ausstellung organiséiert, déi als Zil hat, de Secteur vum Handwierk a Lëtzebuerg ze revaloriséieren. Well déi éischt Ausstellung e grousse Succès war, huet d'Koppel decidéiert, hiert Engagement zu Gonschte vum Konschthandwierk auszebauen duerch d'Grënnung vun der Associatioun "De Mains de Maîtres Luxembourg". Zousätzlech zu enger Biennale zu Lëtzebuerg an der Missioun, d'Handwierker ze ënnerstëtzen, organiséiert d'Associatioun Ausstellungen am Ausland, verdeelt Bourssen, organiséiert Popup-Storen, asw. Zil ass et, den aktive Kënschtler an Handwierker an hirem Beräich ze hëllefen, an awer och Jonker ze motivéieren, d'Aventure vum Kënschtler an Handwierker mat Courage unzegoen.

Exposition De Mains de Maitres
© Cour grand-ducale / Charles Caratini / all Rechter virbehalen

D'ierfgroussherzoglech Koppel bei enger Ausstellung vun "De Mains de Maîtres" zu Éiere vun den Handwierker.

Wéinst hirem groussen Asaz, d'Konscht bekanntzemaachen, huet d'Ierfgroussherzogin den Haut-Patronage vun der Associatioun Lëtz'Arles iwwerholl, déi Lëtzebuerger Fotografe bei de "Rencontres annuelles de la photographie à Arles" zu Éiere komme léisst.

Intressien a Fräizäit

D'Ierfgroussherzogin huet sech vu klengem u fir klassesch Musek intresséiert. Schonn als Kand huet si, mat der Hëllef vun hiren Elteren, Solfège geléiert, gradewéi Piano a Gei ze spillen. Als Jugendlech war si begeeschtert vum Liesen. Hir Kenntnisser vu verschiddene Friemsproochen hunn hir et erméiglecht, klassesch Wierker an hirer Originalsprooch ze entdecken an ze studéieren.

Zanter der Gebuert vum Prënz Charles geet d'Ierfgroussherzogin ganz op an hirer Mammeroll a genéisst d'Momenter mat hirer klenger Famill. Si hëlt hir nei Aufgab als Mamm ganz eescht a wënscht sech, datt hire Fils mat de Wäerter vu Famill a Respekt opwiisst, déi si mam Ierfgroussherzog deelt.

La Princesse Stéphanie et le petit Prince Charles
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

2020: D'Prinzessin Stéphanie an de klenge Prënz Charles

Fotoe vun der Ierfgroussherzogin

Daf vun der Ierfprinzessin am Joer 1984 © Privatkollektioun

1984: Daf vun der Ierfprinzessin

Portrait vun der Ierfprinzessin © Collection privée

1984: Portrait vun der Ierfprinzessin

D'Ierfprinzessin am Joer 1985 © Privatkollektioun

1985: D'Ierfprinzessin

Den éischte Gebuertsdag vun der Ierfprinzessin 1985 © Privatkollektioun

1985: Den éischte Gebuertsdag vun der Ierfprinzessin

D'Ierfprinzessin am Summer 1991 © Privatkollektioun

Summer 1991: D'Ierfprinzessin

D'Ierfprinzessin wärend der Vakanz mat hirer Famill © Privatkollektioun

1992: D'Ierfprinzessin wärend der Vakanz mat hirer Famill

Portrait vun der Ierfprinzessin - 2008 © Privatkollektioun

2008: Portrait vun der Ierfprinzessin

Foto vun der Famill de Lannoy © Privatkollektioun

Foto vun der Famill de Lannoy

D'ierfgroussherzoglech Koppel bei hirer Verlobung © Maison du Grand-Duc / Andre Weisgerber; Christian Aschman

Abrëll 2012: D'ierfgroussherzoglech Koppel bei hirer Verlobung

D'ierfgroussherzoglech Koppel bei hirer ziviller Hochzäit 2012 © SIP / Nicolas Bouvy

2012: Déi ierfgroussherzoglech Koppel bei hirer ziviller Hochzäit

D'ierfgroussherzoglech Koppel bei hirer ziviller Hochzäit 2012 © SIP / Charles Caratini

2012: Déi ierfgroussherzoglech Koppel bei hirer ziviller Hochzäit

Déi ierfgroussherzoglech Koppel bei hirer ziviller Hochzäit 2012 © SIP / Nicolas Bouvy

2012: Déi ierfgroussherzoglech Koppel bei hirer ziviller Hochzäit

Prënzenhochzäit an der Kathedral Notre-Dame zu Lëtzebuerg © Maison du Grand-Duc / Guy Wolff

Oktober 2012: Prënzenhochzäit an der Kathedral Notre-Dame zu Lëtzebuerg

Prënzenhochzäit an der Kathedral Notre-Dame zu Lëtzebuerg © SIP / Nicolas Bouvy

Oktober 2012: D'Feierlechkeeten am Kader vun der Prënzenhochzäit

Portrait vun der Ierfprinzessin © Maison du Grand-Duc / Christian Aschman

Portrait vun der Ierfprinzessin

Déi groussherzoglech an déi ierfgroussherzoglech Koppel bei der Prënzenhochzäit 2012 © SIP / Zineb Ruppert

Oktober 2012: D'Feierlechkeeten am Kader vun der Prënzenhochzäit

Prënzenhochzäit - Oktober 2012 © SIP / Zineb Ruppert

Oktober 2012: D'Feierlechkeeten am Kader vun der Prënzenhochzäit

Portrait vun der Ierfprinzessin © Cour grand-ducale / Christian Aschman

Portrait vun der Ierfprinzessin

Déi ierfgroussherzoglech Koppel bei enger Visitt vum Centre Fondation Autisme © Andre Weisgerber

Déi ierfgroussherzoglech Koppel bei enger Visitt vum Centre Fondation Autisme

Déi ierfgroussherzoglech Koppel an de Prënz Félix op Nationalfeierdag 2014 © SIP / Charles Caratini

Nationalfeierdag 2014: Déi ierfgroussherzoglech Koppel an de Prënz Félix

D'ierfgroussherzoglech Koppel bei engem Concert, dee vun der Fondatioun EME organiséiert gouf. © Alfonso Salgueiro Lora

D'ierfgroussherzoglech Koppel bei engem Concert, dee vun der Fondatioun EME organiséiert gouf.

Déi ierfgroussherzoglech Koppel © Cour grand-ducale / Sylvie Lancrenon

Déi ierfgroussherzoglech Koppel

D'ierfgroussherzoglech Koppel an d'Prinzessin Alexandra um Balcon vum groussherzogleche Palais © Cour grand-ducale / David Nivière

2015: D'ierfgroussherzoglech Koppel an d'Prinzessin Alexandra um Balcon vum groussherzogleche Palais

D'Ierfprinzessin wärend enger Visitt vun enger Ausstellung © Cour grand-ducale / David Nivière

D'Ierfprinzessin wärend enger Visitt vun enger Ausstellung

D'Ierfprinzessin bei enger Visitt am Mudam © Maison du Grand-Duc / Marion Dessard

D'Ierfprinzessin bei enger Visitt am Mudam

D'Ierfprinzessin bei der Visitt vun enger Ausstellung © Charles Caratini

D'Ierfprinzessin bei der Visitt vun enger Ausstellung

D'ierfgroussherzoglech Koppel um Schlass zu Bierg – Oktober 2019 © Maison du Grand-Duc / Marion Dessard

Oktober 2019: D'ierfgroussherzoglech Koppel um Schlass zu Bierg

D'Ierfprinzessin bei enger Visitt vum CAL (Cercle Artistique de Luxembourg) © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

2019: D'Ierfprinzessin bei enger Visitt vum CAL (Cercle Artistique de Luxembourg)

D’Ierfgroussherzoglech Koppel bei der Zeremonie vum Scoutsversprieche vum neie Chef Scout vu Lëtzebuerg © Maison du Grand-Duc / Marion Dessard

2019: D’Ierfgroussherzoglech Koppel an de Kinnek vu Schwede bei der Zeremonie vum Scoutsversprieche vum neie Chef Scout vu Lëtzebuerg

Portrait vun der Ierfprinzessin © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

2020: Portrait vun der Ierfprinzessin

2021: Portrait vun der Prinzessin Stéphanie an dem Prënz Charles © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

2021: Portrait vun der Prinzessin Stéphanie an dem Prënz Charles

Portrait vun der Prinzessin Stéphanie an dem Prënz Charles © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

2021: Portrait vun der Prinzessin Stéphanie an dem Prënz Charles

Bretzelsonnden am Schlass zu Fëschbech © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

2021: Bretzelsonnden am Schlass zu Fëschbech

Bretzelsonnden am Schlass zu Fëschbech © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

2021: Bretzelsonnden am Schlass zu Fëschbech

Chreschtdag am Schlass zu Fëschbech © Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
 

Biografie vun der groussherzoglecher Famill

D'Aktivitéite vum Ierfgroussherzogin