Visitte vu Staatscheffen

Diplomatesch Visitte ginn an ënnerschiddleche Formater organiséiert: Staatsvisitten, offiziell Visitten, Aarbechtsvisitten a privat Visitten. Si kënnen op verschiddenen Niveauen ofgehale ginn: Staatschef, Parlamentspresident, Regierungschef, Ausseminister oder vun anere Memberen aus der Regierung.
All Format an all Niveau vun der Vertriedung bréngt e spezifesche Programm an en ugepasste protokollareschen Empfang mat sech.

© Maison du Grand-Duc
Mir konzentréieren eis hei op d’Visitte vu Staatscheffen, déi dem Grand-Duc seng Homologe sinn. Dës Visitte kënnen “entrante” sinn, wann d’Visitten zu Lëtzebuerg stattfannen, oder “sortante”, wann de Grand-Duc vun engem anere Staatschef op eng Visitt invitéiert gëtt.
D’Staatsvisitten

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
D’Staatsvisitt ass déi héchst Form vu bilaterale Visitten. Si bitt eng privilegéiert Geleeënheet fir déi diplomatesch, wirtschaftlech a kulturell Bezéiungen tëscht zwee Länner ze stäerken.
Si dauert meeschtens zwee bis dräi Deeg a zeechent sech duerch hiren zeremoniellen a protokollaresche Charakter aus, wat dës Visitt zu engem relativ raren Evenement mécht.
Am Verglach dozou sinn offiziell Visitten oder Aarbechtsvisitten am Allgemenge méi kuerz a manner protokollaresch. De geneeë Verlaf - Programm, Protokoll an och logistesch Aspekter - variéiert jee no Format vun der Visitt.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Oflaf vun enger Staatsvisitt “entrante”
Den éischten offizielle Programmpunkt ass déi traditionell d’Begréissungszeremonie virum groussherzogleche Palais, wou den auslännesche Staatschef a säi Conjoint vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse offiziell empfaange ginn. Duerno stinn am Palais den Austausch vu Kaddoen an - wann d’Staatsvisitt am Virmëtteg ufänkt- e privat Mëttegiessen, dat vun der groussherzoglecher Koppel offréiert gëtt, um Programm.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Den Nomëtten ass gefëllt mat offizielle Rendez-vousen. Den invitéierte Staatschef empfänkt am Palais de President vun der Chamber, de Premierminister an den Ausseminister an Audienz, éier hie mat sengem Conjoint, un der Zeremonie um Monument vun der nationaler Solidaritéit deelhëlt, wou e Kranz néiergeluecht gëtt. Zesumme mam Grand-Duc an der Grande-Duchesse hëlt den invitéierte Staatschef dono un engem Festakt an der Stater Gemeng deel. Den éischten Dag gëtt owes mat engem Staatsbanquet am Palais ofgeschloss.
Déi nächst Deeg
De Programm vun den nächsten Deeg gëtt vu béide Länner zesumme festgeluecht. En enthält dacks kulturell Visitten, Deplacementer an ënnerschiddlech Regiounen am Land souwéi Rencontere mat Bezuch op d’Wirtschaft oder d’Innovatioun. Den zweeten Owend gëtt an der Reegel vum Gaaschtland en Evenement proposéiert, wéi z. B. e Concert, eng Ausstellung oder eng Receptioun.
Zum Ofschloss fënnt virum Groussherzogleche Palais eng Ofschlosszeremonie statt, déi d’Enn vun der Staatsvisitt markéiert.
Staatsvisitt “sortante”
Wann de Grand-Duc eng Staatsvisitt am Ausland mécht, gëtt hie vun de Ministeren an dacks och vun enger wirtschaftlecher Delegatioun begleet. De Programm gëtt zesumme mam Gaaschtland festgeluecht a respektéiert dobäi déi lokal protokollaresch Reegelen a kulturell Affinitéiten.
Liest hei weider
Zougangsastellungen
Sichen