14.01.2026
Neijooschreceptioun 2026
De Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie hunn - fir déi éischt Kéier zënter dem Trounwiessel - hir Gäscht fir déi traditionell Neijooschreceptioun e Mëttwoch den Owend am Palais empfaangen.
Dësen Evenement, deen den Ufank vum neie Joer markéiert, huet wichteg institutionell Acteuren am Palais zesummebruecht, dorënner de President an d'Membere vum Bureau vun der Chamber, de Premierminister an d'Membere vun der Regierung, d'Membere vum Staatsrot, héich Vertrieder vun der Justiz an dem diplomatesche Corps, deen zu Lëtzebuerg akkreditéiert ass, souwéi Vertrieder vun den europäeschen Institutiounen.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
