Actualité
Offiziell Portraite vum zukünftege Grand-Duc
Am Kader vum Trounwiessel den 3. Oktober 2025 huet d’Maison du Grand-Duc dräi Portraite vum zukünftege Staatschef an Optrag ginn, esou wéi et Traditioun ass.

Portrait vum Louise Pragnell
Dës Wierker si vun dräi Kënschtler kreéiert ginn: dem lëtzebuergesche Moler Roland Schauls an de brittesche Portraitsmoler Louise Pragnell an Andrew Gow. D‘Louise Pragnell huet och de Portrait vun der zukünfteger Grande-Duchesse gemoolt a mécht domat d’Kollektioun komplett.
Dräi vun de Portraite ginn Deel vun der offizieller Sammlung vum groussherzogleche Palais, wou si ausgestallt ginn, wärend ee Portrait vum zukünftege Grand-Duc Guillaume an der Salle plénière vun der Chamber opgehaange gëtt.
Nodeems d’Kollektioun fäerdeg ass, ginn d’Wierker am Januar 2026 am Nationalmusée um Fëschmaart (MNAHA) ausgestallt an der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach.

Portrait vum Louise Pragnell
Déi offiziell Portraite vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa goufe vum spuenesche Kënschtler Ricardo Macarrón (1926–2004) gemoolt.

Portrait vum Roland Schauls