Actualité

10 Joer Bestietnis vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel

Portrait du Couple héritier
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Viru genee 10 Joer, den 20. Oktober 2012, hunn de Prënz Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie sech an der Kathedral vu Lëtzebuerg d’Jo-Wuert ginn a Presenz vun engem begeeschterte Vollek, dat Zeie ginn ass vun Hirem Bestietnis.

Dësen zéngten Anniversaire gëtt vun der Annonce begleet, datt d’Koppel hiert zweet Kand fir d’nächst Joer den Abrëll erwaart.

De Prënz an d’Prinzessin soen Iech Merci fir Är Ënnerstëtzung an all deene Joren. Si profitéiere vun dësem Anniversaire, fir Hir nei Portraitsfotoen, déi fir Hir Rousenhochzäit gemaach goufen, ze presentéieren.