De Staatschef

Visitte vu Staats- a Regierungscheffen

Et gi verschidden Zorte vu Visitten: Staatsvisitten, offiziell Visitten, Aarbechtsvisitten a privat Visitten. Zousätzlech gëtt ënnerscheet tëscht Visites entrantes, wann d’Visitten zu Lëtzebuerg stattfannen, respektiv Visites sortantes, wann de Grand-Duc vun engem anere Staatschef op eng Visitt invitéiert gëtt. Dës Visitte kënne verschidde Formen hunn.

Visite d'Etat - Pays-Bas
© Cour grand-ducale / Cyril Moreau / Bestimage

De Kinnek an d’Kinnigin vun Holland op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg

Staatsvisitte sinn den Héichpunkt vun de Bezéiungen tëscht zwee Länner; en Treffen, dat der diplomatescher, wirtschaftlecher a kultureller Entwécklung zeguttkënnt, a si daueren an der Reegel zwee oder dräi Deeg. Offiziell Visitten oder Aarbechtsvisitte sinn normalerweis méi kuerz a manner formell wéi Staatsvisitten. De Programm, de Protokoll an déi praktesch Detailer hänke vum Format vun der Visitt of.

Staatsvisitten zu Lëtzebuerg ginn op d’mannst sechs Méint am Viraus geplangt.

Visite d'État du royaume de Belgique - Dîner de Gala
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

De Gala-Dîner zu Éiere vum Kinnek an der Kinnigin vun der Belsch gouf vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse offréiert

Visite d'Etat - Roi et Reine des Belges au Luxembourg
© Cour grand-ducale / Marion Dessard

Staatsvisitt vum belsche Kinnek an der Kinnigin zu Lëtzebuerg

D'Visitte fänken normalerweis um Lëtzebuerger Flughafen un, wou de Staatschef vu Regierungsvertrieder begréisst gëtt, an halen och do op. Den éischten offizielle Programmpunkt ass traditionell d’Begréissungszeremonie virum Palais, wou den auslännesche Staatschef vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse empfaange gëtt. Duerno stinn am Palais den Austausch vu Kaddoen an e privat Mëttegiessen (wann d’Staatsvisitt am Virmëtteg ufänkt), wat vum Grand-Duc offréiert gëtt, um Programm. Den invitéierte Staatschef empfänkt dann de President vun der Chamber, de Premierminister an den Ausseminister an Audienz, éier hien oder si un der Zeremonie virum Denkmal vun der nationaler Solidaritéit deelhëlt, wou hien oder si e Kranz néierleet. Zesumme mam Grand-Duc an der Grande-Duchesse ass den invitéierte Staatschef bei engem Festakt an der Stater Gemeng present. Den éischten Dag gëtt dann owes mat engem Staatsbanquet am Palais ofgeschloss.

Visite d'Etat au Luxembourg du Président de la République Fédérale d'Allemagne
© SIP / Luc Deflorenne

Staatsvisitt vum Bundespresident vun der Bundesrepublik Däitschland zu Lëtzebuerg

De Programm vum/vun den nächsten Dag/Deeg gëtt vu béide Länner zesumme festgeluecht. Do kënne Visitten op Plazen dobäi sinn, déi déi kulturell, regional a wirtschaftlech Villfalt vum Land illustréieren. Den zweeten Owend gëtt an der Reegel en Evenement vum Gaaschtland proposéiert, wéi e Concert, eng Ausstellung oder eng Receptioun. Um leschten Dag (dacks den drëtten Dag vun der Visitt) ass normalerweis d’Ofschlosszeremonie virum Palais, éier de Staatschef vum Gaaschtland ofreest.

Visite d'Etat du Couple grand-ducal en France
© Cour grand-ducale / Bertrand Rindoff / Getty Images

De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse goufen am Palais vum Élysee vum franséische Staatspresident Emmanuel Macron a senger Fra Brigitte Macron empfaangen.

Wann de Grand-Duc am Kader vun enger Staatsvisitt an en anert Land reest, gëtt hie vu Ministeren an enger Wirtschaftsdelegatioun begleet. Wéi bei de Visitten, déi zu Lëtzebuerg stattfannen, gëtt och hei de Programm am géigesäitegen Averständnes tëscht den zwee Länner festgeluecht.

Staatsvisitt vum President vun der portugisescher Republik Marcelo Rebelo de Sousa © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Staatsvisitt vum President vun der portugisescher Republik Marcelo Rebelo de Sousa

De Grand-Duc an de President Macky Sall bei enger offizieller Visitt vum Grand-Duc am Senegal am Januar 2018 © SIP / Julien Warnand

De Grand-Duc an de President Macky Sall bei enger offizieller Visitt vum Grand-Duc am Senegal am Januar 2018

Staatsvisitt a Japan am Juni 2017 vum Grand-Duc an der Prinzessin Alexandra zu Éiere vum Keeser an der Keeserin vu Japan © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

De Grand-Duc an d'Prinzessin Alexandra mam Keeser an der Keeserin vu Japan op der Staatsvisitt a Japan am November 2017

Staatsvisitt vum Kinnek an der Kinnigin vun Holland zu Lëtzebuerg am Mee 2018 © Cour grand-ducale / Cyril Moreau / Bestimage

Staatsvisitt vum Kinnek an der Kinnigin vun Holland zu Lëtzebuerg am Mee 2018

D'Kinnigin Elisabeth II op Visitt zu Lëtzebuerg

D'Kinnigin Elisabeth II op Visitt zu Lëtzebuerg

 

Staats- an offiziell Visitte vum Staatschef zanterdeem hien um Troun ass

Staats- an offiziell Visitten am Joer 2016

Staatsvisitt vum President vu Rumänien, Klaus Iohannis, a senger Fra, Carmen Iohannis, zu Lëtzebuerg - 6. - 7. Juni 2016

Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Republik Finnland - 10. - 12. Mee 2016

Staats- an offiziell Visitten am Joer 2006

Staatsvisitt vum President vun der tscheschescher Republik Vaclav Klaus an der Madame Livia Klausova zu Lëtzebuerg - 8. - 9. Mäerz 2006

Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse am Vatikan - 8. Mee 2006

Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Republik China - 4. - 9. September 2006

Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse am Kinnekräich Holland - 24. - 26. Abrëll 2006

Staats- an offiziell Visitten am Joer 2005

Offiziell Visitt vum däitsche Bundespresident Horst Köhler an der Madame zu Lëtzebuerg- 26. - 27. Juni 2005

Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Republik Slowakei - 7. - 9. September 2005

Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Republik Bulgarien - 11. - 13. Oktober 2005

Staatsvisitt vum President vun der Republik vum Mali Amadou Toumani an der Madame Touré Lobo Traoré zu Lëtzebuerg - 9. - 11. November 2005

Mission économique vum Grand-Duc an de Vereenegten Arabeschen Emiraten a Jordanien - 19. - 24. November 2005

Staats- an offiziell Visitten am Joer 2004

Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse a Rumänien - 29. - 31. Mäerz 2004

Staatsvisitt vum President vun der portugisescher Republik Jorge Sampaio an der Madame Maria José Ritta zu Lëtzebuerg - 27. - 30. September 2004

Offiziell Gedenk-Visitt vum Grand-Duc an den U.S.A. - 13. - 15. September 2004 

Visitt vum Kinnek Abdallah II vu Jordanien zu Lëtzebuerg - 24. - 25. November 2004

Staats- an offiziell Visitten am Joer 2003

Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Republik vun Nicaragua - 3. - 5 Februar 2003

Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der italieenescher Republik an am Vatikan - 25. - 27. Mäerz 2003

Staatsvisitt vum President vun der Republik vun Estland, Arnold Rüütel an der Mme Ingrid Rüütel zu Lëtzebuerg - 5. - 7. Mee 2003

Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse am Kinnekräich Dänemark - 20. - 22. Oktober 2003

Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Republik vun El Salvador - 4. - 7. November 2003

Staats- an offiziell Visitten am Joer 2002

Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der tscheschescher Republiken République tchèque du 8 au 10 octobre 2002

Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Schwäiz - 25. - 26. Abrëll 2002

Staatsvisitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an Irland 4. - 6. Mäerz 2002

Staatsvisitt vum slowakesche President Rudolf Schuster an der Madame Schusterova zu Lëtzebuerg 12. - 14. November 2002

Staats- an offiziell Visitten am Joer 2001

Offiziell Visitt vum bulgaresche President Petar Stoyanov an der Madame Antonia Stoyanova zu Lëtzebuerg - 7 - 8 Mäerz 2001

Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse am Kinnekräich Spuenien - 7. - 9. Mee 2001

Staatsvisitt vum griichesche President Constantinos Stephanopoulos zu Lëtzebuerg - 10. - 12. Juli 2001

Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Republik Slowenien - 1. - 3. Oktober 2001

Staats- an offiziell Visitten am Joer 2000

Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse a Frankräich - 9. - 10. Oktober 2000

Offiziell Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse an der Bundesrepublik Däitschland - 11. - 12. Oktober 2000