De Protokoll vun der Cour grand-ducale

Wéi adresséiert een sech un e Member vun der groussherzoglecher Famill?

D'Begréissung vum Grand-Duc an de Membere vun der groussherzoglecher Famill geschitt an der Reegel, andeems een hinnen d'Hand gëtt ("Handshake").

A schrëftlecher Form oder wärend engem Gespréich ass déi traditionell Uried:

  • fir e männleche Member vun der groussherzoglecher Famill, sief et de Grand-Duc, den Ierfgroussherzog oder ee vun de Prënzen: "Monseigneur " oder "Altesse Royale".
  • fir e weibleche Member vun der groussherzoglecher Famill, sief et d'Grande-Duchesse, d'Ierfgroussherzogin oder eng vun de Prinzessinnen: "Madame" oder "Altesse Royale".

D'Hymn vun der Maison grand-ducale, de "Wilhelmus", gëtt gespillt, wann de Grand-Duc oder dee Member vun der groussherzoglecher Famill, deen hie vertrëtt, bei enger Zeremonie ukënnt oder se verléisst.

Iwwer de Wilhelmus, d'Hymn vun der Maison grand-ducale

D'Hymn vun der Maison grand-ducale ass vun der Sonnerie vun engem Trompetten- oder Kavallerie-Ensembel inspiréiert, vun där et virum 16. Joerhonnert keng schrëftlech Opzeechnunge gëtt.

Et fënnt een déi selwecht Melodie am "Oude Geuzenlied", dat 1581 niddergeschriwwe ginn ass. Dës Melodie ass bei enger Visitt vum Roi-Grand-Duc Guillaume III an der Kinnigin Emma zu Lëtzebuerg am Joer 1883 iwwerholl ginn.

E puer Joer méi spéit ass den Herzog Adolphe mam "Wilhelmus" begréisst ginn. D'Hymn huet zu där Zäit, zesumme mat "Ons Heemecht", als Nationalhymn gegollt.

Lauschteren

De Wilhelmus ass d'Hymn vun der Maison grand-ducale

Fir den MP3-Fichier erofzelueden, klickt op déi riets Maustast an dann op "Enregistrer le lien sous…".

Partitur - Wilhelmus

Fir méi gewuer ze ginn:

Fir méi iwwer Nationalfeierdag gewuer ze ginn