04.12.2025
Iwwerreechung vum « Prix du Mérite du Bénévolat » 2025
Bei Geleeënheet vum internationalen Dag vum Benevolat de 5. Dezember, huet d’Agence vum Benevolat dësen Donneschdegowend seng traditionell Zeremonie fir d’Iwwerreeche vum « Prix du Mérite du Bénévolat » organiséiert.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, begleet vun de Ministere Max Hahn a Stéphanie Obertin, ware beim Evenement dobäi fir d’Wichtegkeet vum Benevolat ze ënnersträichen a fir all deene Mënschen hir Unerkennung ze erweisen, di sech am Alldag engagéieren.
Als Pilier vum sozialen Zesummenhalt betrëfft de Benevolat vill Beräicher – Gesondheet, Sport, Kultur an nach vill anerer – an dréit all Dag zum Zesummeliewen zu Lëtzebuerg bäi.
Felicitatiounen un d’Madamm Jacqueline De Valentin-Bourg, d‘Laureatin 2025 gouf fir hire laangjäregen Engagement an der Mierscher Musek a beim Dëschtennis Recken ausgezeechent.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
