Direkt op den Haaptinhalt

09.12.2025

Receptioun OMP (Opérations de Maintien de la Paix) 2025

Bei der Receptioun « OMP – Opérations de Maintien de la Paix » am Schlass Bierg huet déi groussherzoglech Koppel d’Membere vun der Arméi a vun der Police geéiert, déi un Auslandsmissiounen deel geholl hunn, grad ewéi och hir Famillen, ouni deenen hir Ënnerstëtzung esou laang Openthalter am Ausland net méiglech wieren.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

A senger Usprooch sot de Grand-Duc: 

Mat der Ënnerstëtzung vun der Direktioun fir Defense an dem Inneministère drot Dir eng schwéier Verantwortung. Dir maacht dëst mat enger Stäerkt an engem Professionalismus, op déi ech immens houfreg sinn. Duerch Är Déngschtbereetschaft an Ären onermiddlechen Asaz drot Dir e wichtegen Deel zu der Sécherheet an der Stabilitéit bäi, net nëmme vu Lëtzebuerg, mee och vun eisen internationale Partnerlänner.

D’Ministesch Yuriko Backes, de Chef d'état-major, de Generol Steve Thull, an de Generaldirekter vun der Police, Pascal Peters, waren och bei der traditioneller Receptioun dobäi, déi et zanter 2002 gëtt.

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey