Actualité

Virowend vun Nationalfeierdag 2023 - Gréiwemaacher

All Joer leet d’groussherzoglech Koppel d’Festivitéite vun Nationalfeierdag mat enger Visitt vun enger lëtzebuergescher Uertschaft an. An dësem Kader ware si zesumme mam Chamberpresident, dem Fernand Etgen, mat de Ministere Paulette Lenert, Lex Delles an Henri Kox, grad wéi mam Buergermeeschter, Leon Gloden, dësen Donneschdeg op Besuch zu Gréiwemaacher.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Ganz häerzlech war den Ëmfank fir de Grand-Duc an d‘Grande-Duchesse am Jugendhaus C.R.I.A.J. (Centre de rencontre, d’information et d’animation pour jeunes), enger Associatioun déi di Jonk vun 12 bis 16 Joer encadréiert. Hei hunn d‘Gäscht sech eng originell Graffiti-Ausstellung vum Jugendhaus konnten ukucken an de Staatschef huet mam Buergermeeschter eng Partie Kicker géint zwee Jugendlecher gespillt.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Nom Zesummentreffe mat Residentë vum Foyer Pietert vun der Fondatioun Kräizbierg a vum Altersheem (HPPA), goung d’Visitt weider an d’Haus vun Osbourg. Dat fréiert Zivilhospiz vun der Stad ass en historesche geschützte Site, wou déi regional Museksschoul haut hire Sëtz dran huet. Hei kruten d‘Herrschaften e Ständche vun de Schüler virgespillt.

Wärenddeem de Grupp „Rhäifränsch“ fir bescht musikalesch Stëmmung gesuergt hunn, hat déi groussherzoglech Koppel nach d’Geleeënheet sech mat den Awunner aus der Gemeng z’ënnerhalen.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue