Actualité

Virowend vun Nationalfeierdag 2024 - Kielen

Den Optakt vun de Festlechkeeten, am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, war dëst Joer an der Gemeng vu Kielen (7.000 Awunner). De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse sinn um Samschde ganz léif vum Buergermeeschter Félix Eischen an den Awunner empfaange ginn. De Chamberpresident Claude Wiseler an d’Ministere Gilles Roth a Max Hahn waren och op der Plaz.

© Maison du Grand-Duc

Fir d’Visitt vun den Herrschaften, huet d’Gemeng vill Attraktioune virgestallt. Zwee musikalesch Programmpunkte goufe speziell vun de Schüler vun der UGDA a vun de Schüler aus der Grondschoul virbereet. De Grand-Duc an d’Grande-Duchesse hu sech immens iwwer dës Optrëtter gefreet.

© Maison du Grand-Duc

Duerno gouf déi Groussherzoglech Koppel ënnert de Kläng vun den Duddelsäck vun der "Luxembourg Pipe Band" beim Fleegeheem vu Kielen begréisst, wou hire Besuch duerch weider musikalesch Arrangementer vun den dräi Chéier vun der Gemeng begleet gouf.

© Maison du Grand-Duc / Claude Piscitelli