D'groussherzoglech Famill

D’Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

Gebuer

14. Juni 1894

op Schlass Bierg

Portrait de la Grande-Duchesse Marie-Adélaïde
© Kollektioun Cour grand-ducale

Biografie

D'Marie-Adélaïde Thérèse Hilda Wilhelmine de Nassau koum de 14. Juni 1894 op Schlass Bierg op d'Welt. Si war déi eelst vun de sechs Duechtere vum Guillaume IV. a senger Fra Marie Anne vu Bragança, Infantin vu Portugal.

Si war vun 1912 bis zu hirer Ofdankung am Joer 1919 Grande-Duchesse vu Lëtzebuerg.

Si ass de 24. Januar 1924 op Schlass Hohenburg a Bayern gestuerwen, ouni eegen Nokommen ze hannerloossen.

La Princesse Marie-Adélaïde et ses soeurs
© Kollektioun Cour grand-ducale

D'Prinzessin Marie-Adélaïde mat hire Schwësteren

Déi jonk Ierfgroussherzogin

Den 10. Juli 1907, nodeems de Grand-Duc Guillaume IV. d'Trounfolleg geännert hat, gouf déi 13 Joer al Prinzessin Marie-Adélaïde zur Ierfgroussherzogin proklaméiert. Am Alter vu 17 Joer an 8 Méint huet si de 25. Februar 1912 d'Nofolleg vun hirem Papp ugetrueden. Hir Mamm, d'Prinzessin Marie Anne hat wärend der Krankheet vun hirem Mann d'Regence iwwerholl an huet se virugefouert, bis déi nei Grande-Duchesse am Juni 18 Joer al ginn ass.

Si war déi éischt Herrscherin, nom Jang de Blannen am Joer 1296, déi op Lëtzebuerger Buedem op d'Welt koum. Zanter dem Doud vun der Keeserin Maria Theresia am Joer 1780 war keng Fra méi op de Lëtzebuerger Troun komm.

Carte postale de la jeune Grande-Duchesse héritière Marie-Adélaïde
© Kollektioun Cour grand-ducale

Portrait vun der jonker Ierfgroussherzogin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg

Eng jonk Fra vun 18 Joer um Troun

D'Ried vun der jonker Grande-Duchesse, déi si bei hirer Vereedegung an der Chamber den 18. Juni 1912 gehalen huet, war vun engem ganz anere Geescht gepräägt, wéi déi vun hirem Papp. D'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde bekräftegt hiert Interessi u politeschen a soziale Froen. Inspiréiert vum Motto "Judicate Juste!" vum Keeser Henri VII. aus dem Haus Lëtzebuerg, huet si erkläert:

"Et ass de Wonsch, no Justiz a Gerechtegkeet ze urteelen, deen all meng Handlungen inspiréiere wäert. Eleng d'Gesetz an d'Wuel vun der Allgemengheet wäerte mech leeden!"

"Gerecht urteelen, ass dat net déi selwecht Gerechtegkeet fir jiddereen, mee och d'Gerechtegkeet, déi déi bescheiden a schwaach Leit schützt? D'wirtschaftlech Ongläichheet ënner de Mënschen, déi ëmmer méi grouss gëtt, ass déi grouss Suerg vun eiser Zäit. Deen esou néidegen a gewënschte soziale Fridden ass bis elo e schwéier faassbaart Ideal bliwwen. Sollte mir net dru schaffen, Mënschen a Solidaritéit zesummenzebréngen?".

La Grande-Duchesse Marie-Adélaïde au balcon du Palais grand-ducal
© Kollektioun Cour grand-ducale

18 Juni 1912: D'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde um Balkon vum Palais, nodeem si hiren Eed ofgeluecht huet

Dës ganz sozial Ried huet awer och gewisen, datt d’Marie-Adélaïde déi politesch Richtung matbestëmme wollt. D'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde, déi ganz kathoulesch war, war dovunner iwwerzeegt, datt si "vu Gottes Gnoden" Herrscherin wär. Den Zäitgeescht an déi politesch Realitéit (Konflikt ëm d'Schoulgesetz vun 1912, d'Nominatioun vun der Regierung Loutsch, d'Opléisung vum Parlament) hunn natierlech Ustouss un där Haltung geholl.

D'Marie-Adélaïde huet awer zu kengem Moment hir verfassungsméisseg Rechter iwwerschratt; hiert aktiivt Agräifen an d'Politik gouf awer vun enger Majoritéit vun de Lénken (Sozialdemokraten a Liberaler) als Verstouss géint de Geescht vun der Verfassung empfonnt. Et sief drun erënnert, dass d'Sozialiste sech scho wärend den Debatten iwwer den neie Familljestatut am Joer 1907 géint d'Monarchie ausgeschwat haten.

Portrait officiel de la Grande-Duchesse Marie Adélaïde
© Kollektioun Cour grand-ducale

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

Den Éischte Weltkrich

Zwee Joer méi spéit, den 2. August 1914, sinn déi däitsch Truppen an de Grand-Duché agefall. Den Éischte Weltkrich war eng Bewärungsprouf fir dee jonke Lëtzebuerger Staat. D'Bevëlkerung hat gemëschte Gefiller vis-à-vis vun de Parteien, déi sech bekricht hunn. Déi wirtschaftlech Relatioune mat Däitschland ware ganz enk. Lëtzebuerg war Deel vum Zollveräin; dat lëtzebuergescht Eisebunnsnetz huet zu Däitschland gehéiert an d'Stolindustrie war an den Hänn vun däitschen Investisseuren. Vill Membere vun der Elitt vum Land goufen an Däitschland ausgebilt, engem Land, dat vu ville Politiker als innovativ a modern gesi gouf. Op där anerer Säit huet déi bis 1867 an der Festung vun der Stad etabléiert däitsch Garnisoun eng negativ Haltung bei der Bevëlkerung vis-à-vis vun den Däitsche gefërdert.

Souwuel d'Regierung wéi och d'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde hunn ouni Succès géint d'Violatioun vun der Lëtzebuerger Neutralitéit protestéiert. Si hunn awer, am Interessi vun der Bevëlkerung, de Widderstand géint den däitsche Krichsapparat opginn. Bis zur Befreiung den 11. November 1918 huet déi däitsch Besatzung d'Strukture vum Lëtzebuerger Staat verschount. Déi däitsch Besatzung war op de militäresche Beräich beschränkt.

Datt d'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde de Keeser a Krichszäiten am Palais empfaangen hat, gouf e Symbol fir d'Sympathie vun der Lëtzebuerger politescher Klass zum däitschen Ugräifer. Nom Krich gouf Lëtzebuerg vun den Alliéierte fir seng eegesënneg Haltung géintiwwer Däitschland kritiséiert. "Dat Land ass senger Flicht net nokomm an huet et net verdéngt, a sengem aktuellen Zoustand erhalen ze ginn", sot de franséische Minister Poincaré. D'Belsch op hirer Säit huet gemengt, d'Zäit wär komm, fir seng Uspréch op Lëtzebuerg nees opliewen ze loossen. Verschidden Acteuren, déi géint d'Dynastie a fir eng Annexioun waren, hu sech zesummegedoen. Zu Lëtzebuerg hunn d'Sozialisten an déi Liberal gefuerdert, d'Parlament sollt d'Dynastie ofsetzen. Déi Ofstëmmung krut awer keng Majoritéit.

Entrée des troupes américaines à Luxembourg
© Kollektioun Cour grand-ducale

21. November 1918: Amarsch vun den US-amerikaneschen Truppen an der Stad Lëtzebuerg

Den 9. Januar 1919 koum et zu revolutionären Onrouen an der Haaptstad, wou déi kleng Kompanie vu Fräiwëllege protestéiert huet an déi Liberal an d'Sozialisten d'Republik ausgeruff hunn. Déi vu Frankräich op Lëtzebuerg geschéckten Truppen hunn awer nees fir Rou an Uerdnung gesuergt. Fir d'Géigner vun der Monarchie ze konteren, huet d'Marie-Adélaïde decidéiert, zu Gonschte vun hirer Schwëster Charlotte ofzedanken.

Den 28. September 1919 hunn 80% vun de Lëtzebuerger an engem Referendum fir d'Erhale vun der Monarchie gestëmmt.

No der Herrschaft vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

D'Marie-Adélaïde huet Lëtzebuerg verlooss an ass an e Klouschter zu Modena (Italien) agetrueden. Si ass de 24. Januar 1924 op Schlass Hohenburg gestuerwen. Am Joer 1947 goufen hir stierflech Iwwerreschter an d'Kathedral vu Lëtzebuerg iwwerfouert.

S.A.R. la Grande-Duchesse Marie-Anne de Luxembourg entourée de ses six filles
© Kollektioun Cour grand-ducale

D'Grande-Duchesse Marie-Anne mat hire sechs Duechteren

D'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde a Biller

Portrait vun der Prinzessin Marie-Adélaïde © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Portrait vun der Prinzessin Marie-Adélaïde

D'Prinzessin Marie-Adélaïde mat hire Schwësteren © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Prinzessin Marie-Adélaïde mat hire Schwësteren

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

D'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde mat hire Schwësteren, de Prinzessinnen Charlotte, Hilda an Antonia am Parc vum Schlass vu Bierg © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde mat hire Schwësteren, de Prinzessinne Charlotte, Hilda an Antonia am Parc vum Schlass vu Bierg

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

Portrait vun der Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

D'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Marie-Adélaïde

D'Grande-Duchesse Adelaïde-Marie an d'Grande-Duchesse Marie-Anne mat hire sechs Duechteren © Kollektioun Maison grand-ducale de Luxembourg

D'Grande-Duchesse Adelaïde-Marie an d'Grande-Duchesse Marie-Anne mat hire sechs Duechteren