Actualité
Message vum Ierfgroussherzog
Als Elteren an als zukünftege Staatschef stinn d’Prinzessin an ech virun der Erausfuerderung eist Engagement fir d‘Natioun an eist Familljeliewe mat eise Kanner openeen ofzestëmmen.
Déi Momenter déi mir mat hinne verbréngen däerfe si wäertvoll an de Kader, an deem si opwuessen, ass decisiv fir hir Entwécklung, mee och fir hinne bäizebréngen hir zukünfteg Aufgabe verantwortungsvoll unzegoen.
Aus dëse Grënn wëlle mir eise Liewensstil an eng Richtung orientéieren, déi mir fir méi zäitgeméiss a familljefrëndlech halen.
Mir wëllen eis Kanner an engem intime familiären Ëmfeld opwuesse loossen. Dofir hu mir, mam Accord vum Grand-Duc an der Regierung, geplangt, eng Dependance um Terrain vum Schlass zu Colmar-Bierg ze bauen.
Dës Dependance wäert eisem Familljeliewe virbehale sinn a gëtt mat eisen eegene Mëttel finanzéiert; de Bau wäert deemno ouni ëffentlech Gelder realiséiert ginn. Doriwwer eraus ass et evident datt all d’gesetzlech Bestëmmungen a Virschrëften, déi fir dës Zort vu Projeten am Grand-Duché gëllen, strikt agehale ginn.
D’Schlass Bierg behält seng Fonctioun als Aarbechtsplaz fir offiziell Receptiounen oder den Ëmfang vu Perséinlechkeete. Doriwwer eraus kéint d‘Méiglechkeet gepréift ginn, d’Schlass zu bestëmmten Zäite vum Joer fir d’Ëffentlechkeet opzemaachen, wéi dat haut schonn am Palais gemaach gëtt.
Mir sinn iwwerzeegt dass dëst de beschtméigleche Wee ass, fir eis institutionell Verflichtunge mat eisem Familljeliewen ze verbannen. Zesumme mat der Prinzessin soen ech elo schonn all deene Leit Merci, déi eis bei dësem Projet bis elo begleet hunn an eis och weider begleeden.
Guillaume