Déi groussherzoglech Koppel op Besuch an der Beieschoul

14.07.2026

Zu Wolz ass d’Beieschoul zënter ville Joren eng Plaz fir d’Ausbildung vun Imker a fir d’Sensibiliséierung am Beräich vun der Beienzuucht an der faszinéierender Welt vun de Beien. Dësen Dënschdeg hunn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse, begleet vun der Ministesch Martine Hansen, d’Associatioun bei Geleeënheet vun hirem 140. Anniversaire besicht.

visite_beieschoul_140e_anniversaire-40.jpg

© Maison du Grand-Duc

A Schutzkleedung huet déi groussherzoglech Koppel de Fonctionnement vun engem Beiestack kennegeléiert a sech mat der Praxis vun der Beienzuucht vertraut gemaach. Dobäi gouf och déi wichteg Roll vu Beien an aneren Insekte bei der Reproduktioun vu ville Planzenaarten an an der Liewensmëttelproduktioun ervirgehuewen.

visite_beieschoul_140e_anniversaire-44.jpg

© Maison du Grand-Duc

Haut sinn d’Beie menacéiert duerch d‘Ausbreedung vun der asiatescher Runn, Parasitte wéi der Varroamilb, den Auswierkunge vum Klimawandel, den Asaz vu Pestiziden an duerch de progressive Verloscht vun hire Liewensraim.

All dës Erausfuerderungen erënneren eis drun, wéi wichteg et ass, Insekten ze schützen an déi natierlech Liewensraim ze erhalen, vun deenen esouwuel d’Biodiversitéit wéi och eis Liewensmëttelsécherheet ofhänken.