25.06.2026
Nationalfeierdag | Déi groussherzoglech Koppel organiséiert hir éischt "Garden Party"
Fir hir éischt "Garden Party" als groussherzoglech Koppel, hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse knapp 340 Invitéeën op Schlass Bierg empfaangen.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Nom Trounwiessel, evoluéieren dës traditionell Receptiounen, déi no Nationalfeierdag stattfannen. Si sti vun dësem Joer un ëmmer ënner enger spezifescher Thematik. Déi groussherzoglech Koppel wëll op dës Manéier déi Fraen a Männer wierdegen, déi zu der Dynamik, dem Zesummenhalt an der Diversitéit vun der Lëtzebuerger Gesellschaft bäidroen.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Dësen Donneschdeg Owend hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse deene Léit Merci gesot, déi sech besonnesch engagéiert haten, fir den Trounwiessel am Oktober zu engem Erfolleg ze maachen.
Déi zweet Receptioun, de nächste Méinden, ass der Jugend verschriwwen.
