24.04.2026
Joyeuse Entrée « Am Minett » | Déi Groussherzoglech Koppel op Besuch zu Esch-Uelzecht
Dëse Freideg war fir de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse den Optakt vun de Joyeuses Entrées mat der Visitt zu Esch-Uelzecht. Dëst war déi éischt Etapp vun hirer Tournée duerch d’Land nom Trounwiessel.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Ugefaangen huet dëse festlechen Dag um Belval, deen fir de symbolechen Neiufank vum Süde vum Land steet. Tëschent den Héichiewen an dem zäitgenësseschen urbane Raum stuengen d'Kreativitéit, d'Jugend, d'Recherche an d'Innovatioun am Mëttelpunkt. Dono ass et mat de Festivitéiten op der Brillplaz weidergaangen, wou de Public sech fir Concerten a Spektakelen an der typescher Minett-Atmosphär zesummefonnt huet.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Laanscht de Parcours konnt een déi verschidden Animatiounen an Optrëtter bewonneren, déi de Multikulturalismus an d'Zesummeliewen ervir gehuewen hunn, dat Ganzt an enger festlecher Ambiance.
Fir bis an de Süde vum Land ze kommen, huet déi Groussherzoglech Koppel sech fir déi duuss Mobilitéit entscheed. Si huet vu Miersch aus den Zuch geholl fir op Esch-Uelzecht ze fueren. Dono ass et mam Vëlo vum Belval bis bei d’Brillplaz gaangen.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Déi Groussherzoglech Koppel seet all de Leit häerzlech Merci, déi bei der Organisatioun vun dësem grousse Volleksfest matgehollef hunn. D’Joyeuse entrée war en Hommage un d’Identitéit vum Minett, deen duerch déi 11 Gemengen (Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Käerjeng, Käl, Monnerech, Péiteng, Rëmeleng, Suessem a Schëffleng) vertruede war.
Déi nächst Joyeuse entrée ass den 10. Juli zu Ëlwen.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
